Foussball-Europameeschterschaft 1964

Vu Wikipedia

Den zweeten Europa-Natiounepokal (Foussball-Europameeschterschaft) gouf vum 17. bis den 21. Juni 1964 a Spuenien ausgedroen. Dëst ass déi eenzeg Europameeschterschaft, wou d'Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp an der Virronn bis an d'Véirelsfinall komm ass.

Spilluerter[änneren | Quelltext änneren]

Ekippen[änneren | Quelltext änneren]

Qualifikatioun[änneren | Quelltext änneren]

Virronn[änneren | Quelltext änneren]

Norwegen 2: 4 Schweden 0: 2 / 1: 1
Dänemark 9: 2 Malta 6: 1 / 3: 1
Republik Irland 5: 3 Island 4: 2 / 1: 1
England 3: 6 Frankräich 1: 1 / 2: 5
Polen 0: 4 Nordirland 0: 2 / 0: 2
Spuenien 7: 3 Rumänien 6: 0 / 1: 3
Jugoslawien 4: 2 Belsch 3: 2 / 1: 0
Bulgarien * 5: 4 Portugal 3: 1 / 1: 3 / 1: 0
Ungarn 4: 2 Wales 3: 1 / 1: 1
Holland 4: 2 Schwäiz 3: 1 / 1: 1
DDR 3: 2 Tschechoslowakei 2: 1 / 1: 1
Italien 7: 4 Tierkei 6: 0 / 1: 0
Albanien -: - Griicheland ** -: - / -: -
* Wéinst dem Gläichspill vu 4:4, gouf en drëtten, entscheedende Match gespillt.
** Griicheland huet refuséiert géint Albanien unzetrieden an ze spillen, well déi zwee Länner sech zu dësem Zäitpunkt bekricht hunn.

Aachtelsfinall[änneren | Quelltext änneren]

Spuenien 2: 1 Nordirland 1: 1 / 1: 0
Jugoslawien 2: 3 Schweden 0: 0 / 2: 3
Dänemark 4: 1 Albanien 4: 0 / 0: 1
Holland 2: 3 Lëtzebuerg 1: 1 / 1: 2
Éisträich 2: 3 Republik Irland 0: 0 / 2: 3
Bulgarien 2: 3 Frankräich 1: 0 / 1: 3
UdSSR 4: 4 Italien 2: 0 / 1: 1
DDR 4: 5 Ungarn 1: 2 / 3: 3

Véirelsfinall[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg 5: 6 Dänemark * 3: 3 / 2: 2 / 0: 1
Spuenien 7: 1 Republik Irland 5: 1 / 2: 0
Frankräich 2: 5 Ungarn 1: 3 / 1: 2
Schweden 2: 4 UdSSR 1: 1 / 1: 3
* Opgrond vum Stand vu 5:5, gouf en drëtten, entscheedende Match gespillt.

Ennronn[änneren | Quelltext änneren]

Halleffinall[änneren | Quelltext änneren]

17. Juni 1964 Spuenien 2: 1 n.V. Ungarn Madrid

Spuenie louch an der Halbzeit mat 1:0 vir an eréischt an der 85. min. ass et dem beschten ungaresche Spiller Florian Albert gelongen den Ausgläich ze schéissen. An der Verlängerung huet den Amaro Amancio vu Real Madrid den décisive Gol fir Spuenie geschoss.

17. Juni 1964 Dänemark 0: 3 UdSSR Barcelona

Den Titelverdeedeger Sowjetunioun louch géint den Aussesäiter Dänemark schonn an der Hallschent mat 2:0 vir an huet dunn och nach an der 88. min op 3:0 erhéicht.

Spill ëm drëtt Plaz[änneren | Quelltext änneren]

21. Juni 1964 Ungarn 3: 1 n.V. Dänemark Barcelona

Den Aussesäiter Dänemark huet Ungarn an d'Verlängerung gezwongen. En Eelefmeter an der 107. Minutt huet den Dänen all Hoffnungen op eng Bronze-Medail zerstéiert. An der 110. Minutt hunn d'Magyaren op 3:1 erhéicht.

Finall den 21. Juni 1964[änneren | Quelltext änneren]

21. Juni 1964 Spuenien 2: 1 UdSSR Madrid

D'Finall huet direkt interessant ugefaangen. An der 5. Min. huet de Jesus Pereda, Spuenien mat 1:0 a Féierung bruecht. An der 7. Min. awer, hunn d'Sowjets den Ausgläich geschoss. De Marcelino Martinez huet mat sengem Treffer an der 85. Min fir den eenzege groussen Titel vu Spuenie gesuergt.