Foussball-Europameeschterschaft 2012/Russland

Vu Wikipedia

An dësem Artikel geet et ëm déi Russesch Foussballnationalekipp bei der Europameeschterschaft 2012 a Polen an an der Ukrain. Déi russesch Ekipp participéiert fir d'véiert bei enger EM-Ennronn. De Virgänger, déi sowjetesch Ekipp, huet sechsmol participéiert a béid Ekippe sinn zesummegerechent domat no Däitschland déi déi am dacksten deelgeholl hunn. 1960 konnt d'UdSSR beim éischten, nach "Europapokal vun den Natiounen" genannten Turnéier, den Titel gewannen.

Qualifikatioun[änneren | Quelltext änneren]

Russland huet sech fir d'Europameesterschaft an der Qualifikatiounsgrupp B qualifizéiert.

Matcher[änneren | Quelltext änneren]

Datum Stad Ekippen Resultat geschosse Goler
03.09.2010 Andorra la Vella
Estadi Comunal d'Andorra la Vella
Andorra Russland 0:2 (0:1) 0:1, 0:2 Pogrebnjak (14., 64./E.)
07.09.2010 Moskau
Lokomotiv-Stadion
Russland Slowakei 0:1 (0:1) 0:1 Stoch (27.)
08.10.2010 Dublin
Aviva Stadium
Irland Russland 2:3 (0:2) 0:1 Kerjakow (11.), 0:2 Dsagojew (29.), 0:3 Schirokow (50.), 1:3 Keane (72.), 2:3 Long (78.)
12.10.2010 Skopje
Philip-II-Arena
Rep. Mazedonien Russland 0:1 (0:1) 0:1 Kerjakow (8.)
26.03.2011 Jerewan
Hanrapetakan-Stadion
Russland Armenien 0:0
04.06.2011 Sankt Péitersbuerg
Petrowski
Russland Armenien 3:1 (1:1) 0:1 Pizzelli (25.), 1:1, 2:1, 3:1 Pawljutschenko (26., 59., 73./E)
02.09.2011 Moskau
Olympiastadion Lujniki
Russland Rep. Mazedonien 1:0 (1:0) 1:0 Semschow (41.)
06.09.2011 Moskau
Olympiastadion Lujniki
Russland Irland 0:0
07.10.2011 Zilina
Štadión pod Dubňom
Slowakei Russland 0:1 (0:0) 0:1 Dsagojew (71.)
11.10.2011 Moskau
Olympiastadion Lujniki
Russland Andorra 6:0 (4:0) 1:0, 4:0 Dsagojew (5., 44.), 2:0 Ignaschewitsch (26.), 3:0 Pawljutschenko (30.), 5:0 Gluschakow (59.), 6:0 Biljaletdinow (78.)

Tabell[änneren | Quelltext änneren]

Plaz Ekipp M V O N Goler Diff. Punkten
1. Russland 10 07 02 01 17:04 +13 23
2. Irland 10 06 03 01 15:07 +08 21
3. Armenien 10 05 02 03 22:10 +12 17
4. Slowakei 10 04 03 03 07:10 03 15
5. Rep. Mazedonien 10 02 02 06 08:14 06 08
6. Andorra 10 00 00 10 01:25 −24 00

Mat véier Goler hat de Roman Pawljutschenko déi meescht Goler geschoss.

Virbereedung[änneren | Quelltext änneren]

Déi russesch Ekipp huet kuerz virun der EM nach dräi Testmatcher gehat: De 25. Mee huet se zu Moskau fir d'éischt géint Uruguay gespillt (1:1, Gol: Alexander Kerjakow), den 29. Mee zu Nyon géint Litauen (0:0) an den 1. Juni zu Zürich géint Italien (3:0, Goler: Alexander Kerjakow an 2x Roman Schirokow), dem eenzegen Testmatch bei deem zwéin EM-Participante géinteneen ugetruede sinn.

Matcher vu Russland[änneren | Quelltext änneren]

EM-Virronn[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Auslousung goufen d'Russen, d'Griichen an d'Tschechen deem als Gruppekapp vun der Grupp A gesatenem Organisator vun der EM Polen zougeloust. Géint Tschechien gouf et bis ewell just ee Match: An der EM-Virronn 1996 hu béid Ekippe sech 3:3 getrennt, woubäi den Tschechen duerch dat 3:3 an der 90. Minutt d'Entrée an d'Véirelsfinall gelongen ass. Géint Polen huet Russland fir d'lescht den 22. August 2007 gespillt. Zu Moskau hu se sech mat 2:2 getrennt. Och d'Gesamtbilanz géint Polen ass mat jee enger Victoire, engem Remis an enger Néierlag ausgeglach. Géint Griicheland ass d'Bilanz mat 3 Victoiren, 5 Remis an 1 Néierlag positiv. Allebéid si se fir d'lescht den 11. November 2011 zu Piräus openaner getraff a si hu sech 1:1 getrennt. Bei der leschter EM huet Russland an der Virronn mat 1:0 géint Griicheland gewonnen a véier Joer virdru war Russland déi eenzeg Ekipp déi géint de spéideren Europameeschter gewanne konnt, dat 2:1 war awer fir d'Erreeche vun der Véirelsfinall net méi vu Bedeitung. D'Russe waren zu deem Zäitpunkt schonn ausgescheet.

Virronnegrupp A:

All d'Matcher waren a Polen. Duerch den direkte Verglach am Match géint Griicheland koum Russland trotz besserer Goldifferenz nëmmen op déi drëtt Plaz an der Grupp A an ass domat no engem staarken Optakt iwweraschend dach awer ausgescheet.

Rank Land V O N Goler Punkten
1 Tschechien 2 0 1 4:5 6
2 Griicheland 1 1 1 3:3 4
3 Russland 1 1 1 5:3 4
4 Polen 0 2 1 2:3 2
Fr., 8. Juni 2012, 20:45 Auer zu Wrocław
Russland Tschechien 4:1 (2:0)
Dë., 12. Juni 2012, 20:45 Auer zu Warschau
Polen Russland 1:1 (0:1)
Sa., 16. Juni 2012, 20:45 Auer zu Warschau
Griicheland Russland 1:0 (1:0)

Kader[änneren | Quelltext änneren]

Den 11. Mee 2012 huet den Nationaltrainer Dick Advocaat, deen no der EM zerécktrëtt[1], de virleefege Kader fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012 bekannt ginn.[2] Den 20. Mee gouf deen zum Schluss blesséierte Wassili Beresuzki aus dem Kader gestrach.[3] De 24. Mee huet zudeem de Roman Schischkin wéinst enger Gastritis aus dem Kader gestrach misse ginn.[4] Am russesche Kader[5] sti wéi am hollännesche mat jee 13 Spiller déi meescht Spiller mat EM-Ennronnen-Erfarung.

Trikot-
Nr.
Spiller Veräin Lännermatcher[K 1] Goler[K 1] Gebuertsdatum EM-Matcher[K 2] M. Goler Rout G/R Giel
Golkipp
01 Igor Akinfejew ZSKA Moskau 52 0 08.04.1986 5 (2008)
16 Wjatscheslaw Malafejew Senit St. Péitersbuerg 24 0 04.03.1979 2 (2004) 3
13 Anton Schunin Dinamo Moskau 1 0 27.01.1987
Ofwier
02 Alexander Anjukow Senit St. Péitersbuerg 64 1 28.09.1982 1 (2004), 5 (2008) 3
12 Alexei Beresuzki ZSKA Moskau 47 0 20.06.1982 3
04 Sergei Ignaschewitsch ZSKA Moskau 75 5 14.07.1979 4 (2008) 3
19 Wladimir Granat Dinamo Moskau 0 0 22.05.1987
15 Dimitri Kombarow Spartak Moskau 4 0 22.01.1987
21 Kirill Nababkin ZSKA Moskau 1 0 08.09.1986
03 Roman Scharonow Rubin Kasan 8 0 08.09.1976 2 (2004)
05 Juri Jirkow Anschi Machatschkala 52 0 20.08.1983 5 (2008) 3 1
Mëttelfeld
07 Igor Denissow Senit St. Péitersbuerg 26 0 17.05.1984 3 1
17 Alan Dsagojew ZSKA Moskau 20 4 17.06.1990 3 3 2
22 Denis Gluschakow Lokomotiv Moskau 9 1 27.01.1987 1
09 Marat Ismailow Sporting Lissabon 33 2 21.09.1982 2 (2004) 2
06 Roman Schirokow Senit St. Péitersbuerg 22 6 06.07.1981 1 (2008) 3 1
23 Igor Semschow Dinamo Moskau 57 3 06.04.1978 1 (2004), 5 (2008)
08 Konstantin Syrjanow Senit St. Péitersbuerg 50 7 05.10.1977 5 (2008) 2
Ugrëff
10 Andrei Arschawin (Kapitän) Senit St. Péitersbuerg 71 17 29.05.1981 3 (2008) 3
11 Alexander Kerjakow Senit St. Péitersbuerg 61 19 27.11.1982 1 (2004) 3
18 Alexander Kokorin FK Dinamo Moskau 5 0 19.03.1991 1
14 Roman Pawljutschenko Lokomotiv Moskau 47 20 12.12.1981 5 (2008) 3 1
20 Pawel Pogrebnjak Fulham F.C. 32 8 08.11.1983 1 1
Trainer
Dick Advocaat Holland 27.09.1947 5 (2004)[K 3] 3
  1. 1,0 1,1 Stand: Virun Ufank vun der EM-Ennronn
  2. Stand: Virun Ufank vun der EM-Ennronn
  3. Als Trainer vun Holland

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. uefa.com: Advocaat trëtt no der EURO zeréck
  2. FIFA.com: "Sbornaja" mat Ex-Stuttgarter Pogrebnjak Gearchiveerd op 2012-07-22. Gekuckt de(n) 2012-06-06.
  3. Russland fiert ouni Berezutsky op d'EM Gearchiveerd op 2012-06-15. Gekuckt de(n) 2012-06-06.
  4. FIFA.com: Russland ouni Verdeedeger Shishkin op d'EM Gearchiveerd op 2012-06-01. Gekuckt de(n) 2012-06-06.
  5. РФС: Stand 1. Juni 2012