Foussball-Weltmeeschterschaft 2014
Déi 20. FIFA Foussball-Weltmeeschterschaft 2014™ gëtt no dem vun der FIFA decidéierte Rotatiounssystem a Südamerika ofgehale ginn.
Déi Südamerikanesch Foussball-Konföderatioun (CONMEBOL), huet sech op Brasilien als eenzege Kandidat fir d'WM 2014 festgeluecht, well an dësem Joer de brasilianeschen Foussballverband Confederação Brasileira de Futebol (CBF) 100 Joer al gëtt. Et ass déi zweet Foussball-Weltmeeschterschaft a Brasilien, wou dëst Turnéier fir d'éischt am Joer 1950 ausgedroë gouf. D'Land ass domat och automatesch Ausdroungs-Land vum Konföderatiouns-Pokal 2013.
Zu de weidere Länner a Regiounen, déi Gerüchter no fir d'Ausriichtung vun der WM 2014 am Gespréich waren, zielen Ozeanien mat Australien als Ausdroungs-Land, Kolumbien, d'USA, d'Volleksrepublik China souwéi als gemeinsamen Ausriichter den Iran a Jordanien an Asien.
Uruguay 1930 - Italien 1934 - Frankräich 1938 - Brasilien 1950 - Schwäiz 1954 - Schweden 1958 - Chile 1962 - England 1966 - Mexiko 1970 - Däitschland 1974 - Argentinien 1978 - Spuenien 1982 - Mexiko 1986 - Italien 1990 - USA 1994 - Frankräich 1998 - Südkorea/Japan 2002 - Däitschland 2006 - Südafrika 2010 - Brasilien 2014 - Russland 2018 - Katar 2022
| Commons: FIFA World Cup 2014 – Biller, Videoen oder Audiodateien |