Foussgängerbréck um Kierchbierg

Vu Wikipedia
Foussgängerbréck um Kierchbierg
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 37’ 57.07’’ N
      6° 10’ 18.59’’ E
Funktioun
Benotzt als Foussgängerbréck
Féiert iwwer Avenue John F. Kennedy
Technesch Detailer
Totallängt ca. 27 m
Felder/Béi --
Breet ca. 2 m
Material Metall

D'Foussgängerbréck um Kierchbierg war eng metalle Bréck um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg. Se gouf Enn 1996 am Optrag vum Fonds du Kirchberg an der Avenue John F. Kennedy opgeriicht[1].

D'Avenue war deemools nach éischter eng „Schnellstrooss” ouni Verkéiersluuchte fir d'Leit sécher iwwer d'Strooss ze kréien. Aus deem Grond war d'Léisung mat enger Bréck fonnt ginn, fir datt ee sécher vun enger Säit vun der Avenue op déi aner goe konnt. Wéi ëmmer méi an der Ëmgéigend gebaut gouf, Butteker a Bürosgebaier opgaange sinn an d'Avenue zu engem stättesche Boulevard ëmgebaut gouf, sinn och op de Kräizunge Foussgängersträifen an Verkéiersluuchten amenagéiert ginn. Domat hat d'Bréck keen Zweck méi a se gouf no 19 Joer, am Mee 2015 ofgerappt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Passerelle Kirchberg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. « Avis d'adjudication » am Lëtzebuerger Land Nr 31 vum 2. August 1996, S. 14