Foyer Ulysse

Vu Wikipedia

De Foyer Ulysse ass een Nuechtsfoyer an deem Leit opgeholl kënne ginn, déi kee feste Wunnsëtz hunn. De Foyer ass zu Bouneweg um Leschte Steiwer Nr. 3 a gëtt vun der A.s.b.l. "Caritas Accueil et Solidarité" geréiert.

Struktur[änneren | Quelltext änneren]

Souwuel Männer wéi och Frae kënnen hei en Daach iwwer dem Kapp fannen. Am Ganze gëtt et hei 64 Better, dovun 2 Better déi ëmmer musse fir den Noutfall fräi sinn, wann d'Police zum Beispill ee fir eng Nuecht muss ënner Daach bréngen. De Foyer ass vun 19:00 bis 9:00 Auer op, vu méindes bis sonndes, all Dag am Joer. Wann de Foyer Ulysse zoumécht, da mécht d'Téistuff hir Dieren op. Sou ergänze sech déi zwou Strukturen.

Dem Benotzer vum Foyer Ulysse gëtt e Bett mat engem Schaf zur Verfügung gestallt. Moies fréi kritt hie Kaffi, sou wéi och e Mëttes- an Owesiessen. Hei kréien déi Wunnengslos administrativ a materiell Hëllef. Et gëtt probéiert si erëm an en normaalt a gereegelt Liewen ze féieren. Hei fanne se och ënner anerem Ënnerstëtzung bei der Sich no enger Aarbecht an enger neier Wunneng.

Krittären[änneren | Quelltext änneren]

Den Haaptkrittär, fir datt ee Mënsch am Foyer Ulysse opgeholl gëtt, ass datt hie keen Daach iwwer dem Kapp huet. Et ass ëmmer sou, datt de Betraffene vun e puer Zoustännegen am Foyer Ulysse souzesoen ënnersicht gëtt, fir datt déi Spezialisten da erausfannen, wéi et iwwerhaapt dozou komm ass, datt dee Betraffenen op der Strooss lieft.

Drogenofhängeger ginn net laangfristeg am Foyer Ulysse ënnerbruecht, mä si kommen op Plazen, wéi zum Beispill bei d'Jugend- an Drogenhëllef, wou hinne gehollef ka ginn a si och vun hirem Problem ofkomme kënnen. Et gëtt op een Dag gekuckt ongeféier 250 – 300 Wunnengsloser zu Lëtzebuerg, mä a Wierklechkeet sinn et der nach méi. Verschidde vun hinnen hale sech wärend enger laanger Zäit am Foyer Ulysse op. De Problem ass, och wa sech Drogenofhängeger net laangfristeg hei ophalen duerfen, datt déi aner Wunnengslos a Beréierung mat den Drogenofhängege kommen.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]