Fräi Weed

Vu Wikipedia

Fräi Weed (fr: vaine pâture) war e Recht dat Besëtzer vu Véi haten, fir hir Béischten tëscht Oktober a Mäerz op all Wiss, déi net mat Drot agemaach war, an am Héije Bësch, weeden ze loossen, wa keng Fruucht méi um Feld stoung.

Dat war eng Méiglechkeet, fir kleng Leit déi selwer kee Land haten, een oder zwéi Béischte grousszezillen, ouni datt se hu misse Fudder oder eng Pacht bezuelen.

Zoustänneg fir déi genee Datummen, fir déi Zäit, bannent där de Flouer op war, waren d'Gemengen. Si hunn dofir all Joer e Gemengereglement erausginn, dat vum zoustännege Minister huet missen approuvéiert ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]