Fräiwëlleg Pompjeeën zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fräiwëlleg Pompjeeën)

Fräiwëlleg Pompjeeën sinn zu Lëtzebuerg an an anere Länner eng Organisatioun, déi haaptsächlech aus éierenamtleche Pompjeeë besteet. Se kënnen dobäi vu professionelle Pompjeeën ënnerstëtzt ginn an och hirersäits déi professionell Pompjeeën an deenen hirem Asaz ënnerstëtzen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Kinnek Wëllem II. vun Holland huet mam Gesetz vum 24. Februar 1843 d'Organisatioun vun de Gemengen an Distrikter am Groussherzogtum Lëtzebuerg, sou wäit wéi se scho bestoungen oder nei gegrënnt kënne ginn, reglementéiert.

Am Artikel 48 ënner der Opzielungsnummer 11), befaasst e sech mat Moossnamen, wéi ee Feier ka verhënneren, an datt d'Gemengen dat noutwennegt Geschier uschafe kënne fir Feier ze läschen.

Den Originaltext am Memorial N°17 vun 1843:

  • N°11) Die Ergreifung oder Hervorrufung namentlich aller Maßreegeln , welche nöthig sind , Feuersbrünste zu verhüten oder zu löschen, der Gemeinde die Spritzen und die andern nothwendigen Instrumente und Geräte zu verschaffen.

Zu Lëtzebuerg sinn déi éischt Corpse vu fräiwëllege Pompjeeë schonn am 19. Joerhonnert gegrënnt ginn. Et waren dat Corpse vun:

Ueschdref Eech/Schmelz Lentgen Polvermillen
Beefort Esch-Uelzecht Letzebuerg-Clausen Réiden op der Atert
Bieles Esch-Sauer Letzebuerg-Gronn Rosport
Bäerdref Eschduerf Letzebuerg-Uewerstad Rolleng/Miersch
Bettborn Ettelbréck/Privat Letzebuerg-Pafendall Schläifmillen/Privat
Bettenduerf Gréiwemacher Miersch Steenem
Biissen Groussbous Mäertert Stroossen
Béiwen/Sauer Harel Nidderaanven Useldeng
Bouneweg Hollerech Nidderwolz Veianen
Dikrech Housen Uewerwolz Walfer
Iechernach Fiels Uesweller Waasserbëlleg
Eech/Gemeng

Zu Miersch gouf 1839 den éischte Corps vu fräiwëllege Pompjeeën zu Lëtzebuerg gegrënnt.

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Wéi wichteg déi lokal fräiwëlleg Pompjeeën fir d'Uertschafte waren, kann ee verstoen, wann ee follgend Artikelen a Chronike liest.

Aus der Festbrochüre fir 75. Joer vun den Hesper Pompjeeën:

de Stréidaach, een Zeie vun enger uraler Baukultur. De Stréidaach huet d'Geschicht vun der Mënschheet bis an d'Mëtt vum 19.Johrhonnert begleet. No engem Recensement aus dem Johr 1846 waren an der Uertschaft Hesper ronn 80 % vun den Haiser mat Stréi gedeckt. An der Zeit wéi d'Gipsindustrie nach onbekannt war, ass beim Bau vun enger Wunnung, d'Material Stréi net nëmme bausse gebraucht ginn, mä och bannen am Haus, wéi beim Opfëlle vun den Zëmmerwänn. Fir d'Plafonge sinn haaptsächlech Late geholl ginn, déi mat Stréi (wann zur Verfügung och zesumme mat Päerdshoer) ëmwëckelt si ginn. Das Ganzt ass da mat Leem iwwerzu ginn, wat Gewëckeltes genannt ginn ass. Déi ëmwëckelt Late si Wëckelsprëss genannt ginn.

Fir den Daach war dat laangt Karstréi besonnesch gut, wat da virsiichteg mat dem Flégel gedresch gi war. A Bëndelen zesummegestrëckt, ass et an 25 bis 30 cm. déck Loen reieweis op d'Laten ausgebreet a mat laange Weiderudden un d'Dachlate festgebonne ginn. D'Fiischt, ass gewéinlech mat enger Graaslo ofgedeckt ginn an dacks mat enger déckbliedereger Planz beluecht ginn. Am Volleksmond ass dat Donnerkraut genannt ginn an et sollt den Daach virum Blëtzschlag schützen.

Beim Feier hat ee mat sou engem Stréidaach iwwerhapt keng Sécherheet, am Gegensaz zu engem haarden Dach. Et ass dofir och net verwonnerlech datt vill Feierbrand-Katastrophen an den Dierfer a Stiedt zu schwéieren Zerstéierunge vun der Bausubstanz geféiert hunn a wäertvoll onersätzlech Haiser zerstéiert gi sinn.

D'Chroniken iwwer dramatesch schlëmm Feierkatastrophen duerch Stréidiech gläiche sech ëmmer: z. B. zu Grevemacher: „ .... vun der schrecklecher Feierkatastroph den 18.November 1822. A wéinege Stonne sinn 147 Haiser an 39 Scheieren, déi Stréidiech haten ageäschert ginn.“

An der Chronik aus der Gemeng Useldeng kann ee déi follgend tragesch Geschicht liesen:

„An der Nuecht vum 15.Januar 1863 ass duerch den onvirsiichtegen Ëmgang mat engem Känki am Haus Schonken d'Feier ausgebrach an am Nu stoung de Stréidaach an helle Flamen. D'Feier ass séier op d'Haiser ronderëm iwwergesprong , déi deelweis och mat Stréi gedeckt waren. Duerch d'Panik déi ënner der Bevëlkerung ausgebrach ass, war ee gereegelt Läschen onméiglech ginn, wëll zousätzlech och nach kee brauchbaart Läschmaterial zur Verfügung stoung.

Déi follgend 6 Haiser mat de landwirtchaftlechen Dependenzen, souwéi sämtleche Fourragen an Inventar sinn an de Flame vernicht ginn: Haiser Schonken; Loeschen; Feiereisen; Killen; Entges an Anzie. Déi kannereich Familljen , déi hiert ganzt Hab a Gut verluer hunn, sinn op ëffentlech Hëllef ugewisen. An dëse verdéngschtaarmen Zäite musse se sech schwéier Scholden opluede fir den Nei-Opbau vun hirem Heem."

Den 12. Oktober 1882 erschèngt an der „Leipziger Feuerspritze“, eent vun de bedeitendste Fachblieder an Däitschland, een Artikel an deem drop higewise gëtt, datt zu Lëtzebuerg nach iwwerhaapt keng gesetzlech Reegelung besteet iwwer d'Feierläschwiesen an datt déi konzessionéiert Feierversécherungsgesellschafte keng Participatioun musse leeschte fir de Feierläschdéngscht.

Originaltext an der däitscher Sprooch: Es ist Tatsache, dass das Feuerlöschwesen in dem sonst so weitfortgeschrittenem und gebildetem Luxemburg Ländchen viel zu wünschen übrig lässt und weit hinter allen andern Ländern zurücksteht. Auch ist sehr zu bedauern, dass sowohl Staat als Gemeinden so wenig für diese überaus nützliche Institution tun; eine gesetzliche Reegelung hat das Feuerwesen daselbst noch nicht erhalten. Die im Land concessionierten Feuerversicherungsgesellschaften brauchen keinerlei Abgaben zum Löschwesen zu entrichten (Enn vum Zitat)

Doropshin ënnersicht den Edouard Metz, Direkter vun der Eecher Schmelz d'Lag vun de Feierläschwieren, de Pompjeeën zu Lëtzeburg. Hien ënnerbreet d'Resultat vu sengen Iwwerleeunge fir d'Ëmgestalten and Reorganisatioun, verschiddene Bekannten, fënnt deenen hir Zoustëmmung an tatkräfteg Ennerstëtzung a rifft uschléissend den 12. November 1882 d'Verantwortlech vun de 45 Pompjeescorpsen op Eech zersummen, fir eng Bespriechung vun der Situatioun.

De 14. Januar 1883 hunn dunn déi 45 Pompjéescorpsen zu Dikrech op enger Grënnungsversammlung beschloss, de Pompjeesverband ze grënnen. Als éischte President ass den Edouard Metz gewielt ginn.

Wichteg fir Pompjeeswieèsen hei zu Lëtzebuerg war, datt de Groussherzog Adolphe vu Lëtzebuerg den 22. Abrëll 1905 d'Gesetz gemaach huet, wouduerch eng speziell Steier am Interesse vum Feierläschdéngscht ageféiert ginn ass.[1]

„de Verband vun de fräiwëllege Pompjeeën” www.pompjeesverband.lu

Fédération Nationale des Corps de Sapeurs-pompiers du Grand Duché de Luxembourg s.a.r.l. huet hîre Sëtz um 112, Boulevard Général Patton zu Lëtzebuerg. Aktuell gëtt et zu Lëtzeburg 170 Verbänn vun de „Fräiwëllege Pompjeeën“, déi an 13 Kantonal-Verbänn zesummegefaasst sinn. De Pompjeesverband gëtt eng Zeitung eraus „de lëtzebuerger Pompjee“, déi bis zu sechsmol am Joer erauskënnt.

Zu Lëtzeburg besteet nëmmen ee Beruffspompjees-Corps, an zwar an der Stad Lëtzebuerg. Nodeem 1921 an der Stad Lëtzebuerg véier grouss Bränn ausgebrach waren (den Depot vun der Transportfirma Debicke, Columeta um Fëschmart, Buchbënnerei Kommer an der Fleeschiergaass an Zementfabréck zu Dummeldeng) huet de Schäfferot ënner dem Buergermeeschter Gaston Diderich beschloss, ee Beruffspompjeescorps ze grënnen.

Den 1. Oktober 1921 beschléisst de Schäfferot déi al Päerdsställ op der Areler Strooss vun der "Administration Grand-ducale des domaines" ze loune fir do deen nei gegrënnte Pompjeesservice ënnerzebréngen.

De 26. November 1921, ass d'Reglement vun der Organisatioun vum Schäfferot gestëmmt ginn.

De 5. a 6. Januar 1922 wielt de Schäfferot ënner 51 Kandidaten, déi sech gemellt haten, 11 Persoune fir den éischte Corps vun de professionelle Pompjeeën. [2]

D'Gemeng Esch-Uelzecht huet 2007 beschloss eng Interventions-Pompjees-Brigade. “Service d'incendie“ ze schafen. Dat si fräiwëlleg Pompjeeën déi bei der Gemeng ugestallt sinn an déi wärend der Aarbechtszäit fir de Rettungsdéngscht zur Verfügung stinn.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Buch „100 Joer am Déngscht vum Matbierger“ (Editioun 1985) erausgi vun der Fédération Nationale des Corps de Sapeurs-pompiers du Grand Duché de Luxembourg a.s.b.l
  • Festbroschür fir 75 Joer vun den Hesper Pompjeeën. (2000 erausgi vum Corps des Sapeurs-pompiers Hesperange-Fentange).
  • [1] Publikatioun Ons Stad N° 90/2009 vun der Gemeng Lëtzebuerg

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. En nei Fong, dee geschaf sol ginn, verwalt a benotzt dat Steiergeld am Interesse vum Pompjeeswiesen, sou datt Pompjees-Corpsen déi finanziell Méiglechkét kréien hiert Ekippement ëmmer um leschte Stand ze halen. Memorial N°20 Jahr 1905
  2. Archive copy Gearchiveerd op 2011-12-20. Gekuckt de(n) 2016-11-22.