Fréijoershimmel

Vu Wikipedia
D'Stärebiller vum Fréijoershimmel

Fréijoershimmel gëtt deen Deel vum Stärenhimmel genannt, deen a klore Fréijoers-Owender ze gesinn ass. De visuellen Ausschnëtt vum Himmel, deen ëmmerhin 15 vun den 30 hellste Stäre weist, hänkt of

  1. vun der geographescher Breet vun der Observatiounsplaz,
  2. vum Datum
  3. a vun der Lokalzäit.

Den 2. an 3. Afloss wierke géinteneen, dat heescht, e Mount méi spéit, gesäit een de selwechten Himmelsausschnëtt ëm 2 Stonne méi fréi, oder all Dag ëm knapps 4 Minutte méi fréi (Ëmlaf vun der Äerd ëm d'Sonn).

Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

Déi opfällegst Konstellatioune sinn de Grousse Won direkt iwwer eisem Kapp an de Léiw héich am Süden. Am August zitt eis Sonn duerch d'Stärebild Leo, soudatt hien dann net ze gesinn ass.

Planéiten 2015[änneren | Quelltext änneren]

  • De Merkur ass mat bloussem A vum 20. Abrëll bis de 15. Mee am nach hellen Oweshimmel ze gesinn, wou hien de 7. Mee mat 21° de gréisste Wénkelofstand vun der Sonn erreecht an 2 Stonnen no hir ënnergeet.
  • D'Venus straalt am Fréijoer a bis Enn Juli schéin hell. De 6. Juni erreecht si mat 45° hir ëstlechst Elongatioun an ass nach 3 Stonnen no Sonnenënnergank am Westen ze gesinn.
  • De Mars steet an de Stärebiller Widder a Stéier no bei der Sonn und an ass kaum ze gesinn.
  • De goldfaarwege Jupiter hat seng Oppositioun de 6.Februar a steet owes am Süde bis Südwesten. Hie wandert vum Stärebild Cancer an de Léiw averschwëndet am Juli an de Sonnestralen.
  • De Planéit Saturn steet am Stärebild Scorpius an Libra an ass bal déi ganz Nuecht ze gesinn – seng Oppositioun (géigeniwwer der Sonn) war de 7. Mee, wou hien ëm Mëtternuecht ronn 20° héich am Süde stoung.
  • Den Uranus war dëst Fréijoer net ze gesinn, de Neptun steet vum 20. Juni un am Stärebild Aquarius.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Summerhimmel, Hierschthimmel, Wanterhimmel

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Das Himmelsjahr (Kosmos-Verlag) 2008
  • Rudolf Brandt et al., Himmelsbeobachtungen mit dem Fernglas - eine Einführung für Sternfreunde. Verlag Deutsch, 2006

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]