Fra Mauro (Moundkrater)
| Eegeschaften | |
|---|---|
| Breet | 6,0° S |
| Längt | 17,0° W |
| Duerchmiesser | 95 km |
| Déift | onbekannt |
| Selenographesch Längt | 17° bei Sonnenopgank |
| Genannt nom | Fra Mauro |
De Fra Mauro ass en Impaktkrater um Äerdmound mat engem Duarchmiesser vu 95 km. E läit am Zentrum vun der Fra Mauro Formatioun, nordëstlech vum Mare Cognitum a südëstlech vum Mare Insularum. De südleche Rand deelt sech de Fra Mauro-Krater mat de méi jonke Moundkratere Bonpland a Parry, wouduerch d'südlech Kratermauer an de Fra Mauro-Krater eran gebéit ass.
De Kraterrand gouf duerch spéider Meteorittenaschléi staark opgerappt mat grousse Lächer no Norden an Osten. Déi héchst Hiwwele vum Kraterrampli hunn 700 m.
De Kraterbuedem ass mat basaltescher Lava bedeckt. D'Uewerfläch vum Buedem ass vu Grief duerchzunn déi vun Noden no Süde lafen. De Krater huet keen Zentralbierg.
Inhaltsverzeechnes |
Apollomissioune [änneren]
De Fra Mauro war ursprénglech als Landeplaz fir d'Apollo 13-Missioun virgesinn, déi awer schifgaange war. D'Landegebitt am nërdlechen Deel vu Fra Mauro gouf du fir d'Apollo 14 gebraucht. Während der Missioun goufen do Breccien agesammelt, déi beim Imbrium-Impakt op Deeler vum Fra Mauro-Krater ofgelagert goufen. Déi Decken déi zum Deel aus graffe Brochstécker besteet gëtt och als „Fra Mauro Formatioun“ bezeechent.
Den Numm [änneren]
De Fra Mauro-Krater gouf nom venezianesche Pater a Kartograph Fra Mauro genannt.
Niewekrateren [änneren]
D'Niewekratere sinn an der Reiefolleg vun hirem Kratermëttelpunkt par Rapport zum Fra Mauro-Krater opgelëscht.
| Fra Mauro | Breet | Längt | Duerchmiesser |
|---|---|---|---|
| A | 5.4° S | 20.9° W | 9 km |
| B | 4.0° S | 21.7° W | 7 km |
| C | 5.4° S | 21.6° W | 7 km |
| D | 4.8° S | 17.6° W | 5 km |
| E | 6.0° S | 16.8° W | 4 km |
| F | 6.7° S | 16.9° W | 3 km |
| G | 2.2° S | 16.3° W | 6 km |
| H | 4.1° S | 15.5° W | 6 km |
| J | 2.6° S | 18.6° W | 3 km |
| K | 2.5° S | 16.7° W | 6 km |
| N | 5.3° S | 17.4° W | 3 km |
| P | 5.4° S | 16.5° W | 3 km |
| R | 2.2° S | 15.6° W | 3 km |
| T | 2.1° S | 19.3° W | 3 km |
| W | 1.3° S | 16.8° W | 4 km |
| X | 4.5° S | 17.3° W | 20 km |
| Y | 4.1° S | 16.7° W | 4 km |
| Z | 3.8° S | 14.6° W | 5 km |
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Maria um Äerdmound
- Lëscht vun Däller um Äerdmound
- Lëscht vun den Äerdmoundkrateren
- Lëscht vu Rillestrukturen um Äerdmound
- Lëscht vu Bierger um Äerdmound
- Südpol-Aitken-Becken