Fraisier

Vu Wikipedia

Fraisier ass eng franséisch Patisserie aus Äerdbier, Biscuitsdeeg a Mousselinescrème.

D'Äerdbier gëtt an zwou Hallschente geschnidden, a mat de Schnëttkanten no baussen an eng Form gestallt. Bannendra kënnt tëscht zwou Loe Biscuitsdeeg d'Mousselinescrème (eventuell mat klenggeschniddenem Äerdbier). Den Ofschloss mécht nach e bësse Mousselinescrème op déi meeschtens eng reng Schicht rosa Marzipan kënnt.

De Fraisier ass net mat engem Äerdbierskuch oder mat Äerdbierstaart ze verwiesselen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]