François-Émile Majerus

Vu Wikipedia
François-Émile Majerus
Gebuer 22. Abrëll 1819
Gestuerwen 22. Oktober 1877
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geolog

De François-Émile Majerus, gebuer den 22. Abrëll 1819 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen och do den 22. Oktober 1887, war e lëtzebuergesche Minneningenieur.

De Frantz Majerus huet zu Léck fir Ingénieur des mines studéiert an dee Studium mat engem Diplom ofgeschloss. Ëm 1849 ass hien a Mexiko gaangen, an en huet fir d'mexikanesch Regierung d'Geologie vun ettleche Bierger, dorënner de Popocatepetl an de Pico de Orizaba erfuerscht. Hien huet do och Sëlwer- a Bläiminne geleet. De Schwiefel, deen en um Popocatepetl fonnt huet, huet e méi spéit dem Staatsmusée vermaach.

Zeréck an Europa, gouf en 1856 Matgrënner vun der Burbacher Schmelz a war bis 1860 hiren Direkter. Duerno huet hien d'Colmer Schmelz gepacht.

Hie war och 1855 Conseiller fir d'Lëtzebuerger Regierung, wéi et drëms goung, zu Lëtzebuerg Eisebunnen ze bauen. Vun 1875 bis zu sengem Doud war de François-Émile Majerus och Administrateur-délégué vun de Prince-Henri Eisebunnen.

Nodeems hien am Januar 1869 eng Bauplaz um boulevard F. D. Roosevelt (deemools boulevard du Viaduc) kaaft hat, huet hie sech do en herrschaftlecht Haus baue gelooss, an deem hie bis zu sengem Doud gewunnt huet. Hautdesdaags ass an dësem Haus d'Residenz vum britteschen Ambassadeur[1].

De François-Émile Majerus war mat der Louise Gebhardt (1813-1894) bestuet a si haten zwou Duechteren, Laure-Émilie[2] a Louise Majerus[3].

De Projet vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Saarbrécken[änneren | Quelltext änneren]

An de Projete fir d'Eisebunnsstrecken hat de François Majerus eng direkt Verbindung mat Saarbrécken, via Réimech geplangt. Déi direkt Verbindung mat dem Saarland, déi deemools als wichteg ugesi gouf,[4] gouf awer ni realiséiert. Déi deemools geplangt Verbindung mat Saarbrécke gouf eréischt 140 Joer méi spéit realiséiert. Allerdéngs muss een den Ausdrock Eisebunn duerch Autobunn ersetzen. Op däitscher Säit war domat schonn 1970 duerch de Bau vun der däitscher A8 ugefaange ginn, a gouf an engem däitsch-lëtzebuergesche Vertrag vum 18. Abrëll 1994 iwwer de Bau vum Schengener Viaduc deen d'Verbindung mat der Lëtzebuerger A13 mécht, festgehalen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Philippart, Robert L., 2012. Résidence de l'Ambassadeur du Royaume-Uni. Wunnen 30: 72-73.
  2. Laure Majerus, Gebuer de 7. Januar 1857 zu Lëtzebuerg, gestuerwen den 21. November 1928 zu Gastuche, war mam Maurice Lamort bestuet.
  3. D'Louise Majerus war mam Emile Servais bestuet.
  4. Gesetz vum 7. Mee 1856
  5. L'avenir vum 12. Juli 1870 op eluxemburgensia Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2012-12-31.