François-Joachim de Pierre de Bernis

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
François-Joachim de Pierre de Bernis

De François-Joachim de Pierre, Kardinol vu Bernis (22. Mee 1715 zu Saint-Marcel-d'Ardèche - 3. November 1794 zu Roum) war e franséische Schrëftsteller, Staatsmann, Geeschtlechen an Diplomat.

De Bernis koum ass enger Famill vun alem Adel, déi awer veraarmt war. Hien huet seng Studien am Collège Louis-le-Grand zu Paräis ofgeschloss, duerno ass hien op de grousse Seminaire vu Saint-Sulpice weider léiere gaangen. Hie war e gudde Schüler, éiergäizeg awer och melancholesch. De Mgr. de Fleury, fir d'éischt säi Protecteur, huet sech géint hie gestallt an him Steng an de Wee geluecht, wat him eng ekklesiastesch Carrière onméiglech gemaach huet. A senge Mémoires huet de Bernis geschriwwen:

« Je suis né sensible à l'excès. Ma situation m'humiliait, j'en dévorais l'amertume ; mais je savais bien qu'un visage triste intéresse peu de temps et fatigue bientôt. J'eus donc la force de garder mes chagrins pour moi, et de ne faire briller aux yeux des autres que mon imagination et ma gaieté. »

Bis am Alter vu 35 Joer huet hie Poesie geschriwwen a publizéiert. Am Alter vun 29 Joer, am Joer 1744, gouf hien an d'Académie française opgeholl.

Duerch seng galant Verse konnt hie sech vill Frënn maachen. Sou huet hien zum Beispill d'Madame de Pompadour kennegeléiert. Dës Frëndschaft huet hien aus der Aarmut erausgeholl, an hie krut eng kinneklech Rent vu 1500 Livres sou wéi en Appartement an den Tuilerien.

1752 huet de Bernis eng Ambassade gefrot. De Kinnek Louis XV. huet him Pole virgeschloen. Domat war hien awer net averstanen, a sou krut hie Venedeg akkordéiert. Venedeg war scho laang kee wichtege Poste méi, d'Stad huet éischter duerch säi Karneval vu sech schwätze gedo. De Bernis war net domm, an hien huet dat wuel séier duerchkuckt. Sou huet hie geschriwwen:

« Jee n'étais guère à craindre à Venise, et tout ce qui pouvait m'y arriver de pis, c'était d'y être oublié. »

Zu Venedeg huet de Bernis op groussem Fouss gelieft, jiddwereen deen eppes op sech gehalen huet, war beim Bernis invitéiert.

« Lorsque mes amis me grondaient de la grande dépense que je faisais, je leur répondais : je place mon argent à fonds perdu à un denier fort avantageux. Vous verrez qu'il me rapportera en abbayes et en dignités. »

Hien huet sech informéiert, Duebelagenten ënnerhalen, a seng Faveur ass geklommen. 1755 gouf hien op Versailles zréckgeruff, an et gouf een Ament dru geduecht, fir him den Ambassadeursposten a Spuenien ze ginn, dee mat vill Prestige verbonne war.

Nodeem de Choiseul als Ambassadeur op Wien geschéckt gi war, krut de Bernis de Poste vum Staatssekretär fir d'Ausland. Am Siiwejärege Krich huet de Bernis de Poste vum Éischte Minister ugefrot, mä de Kinnek war domat net d'Accord. Hie konnt de Louis XV. awer iwwerrieden, opmannst e Kardinolstitel ze kréien. Mä nëmmen zwou Woche méi spéit gouf hien op Vic-sur-Aisne exiléiert.

1764 gouf hien zum Bëschof vun Albi ernannt, an huet sech als gudden Administrateur bewisen.

Nodeem de Poopst Klemenz XIII. gestuerwe war, ass de Bernis op Roum fir e Konklav gaangen. Seng Missioun war et, en antijesuitesche Kandidat ze fannen. Der Compagnie goung et zu dëser Zäit schonn net méi immens gutt, si war a Spuenien, Portugal a Frankräich verbueden, a sollt ënner dem neie Poopst da ganz opgeléist ginn. Als Merci krut de Bernis den Ambassadeursposten zu Roum vu 1768 bis 1791.

Enn 1790 sollt de Bernis op d'Zivilkonstitutioun vum Klerus schwieren, wat hie refuséiert huet. Parallel dozou gouf him säi Bëschofstitel vun Albi oferkannt.

Am Mäerz 1792 gouf hie fir d'éischt Kéier op d'Emigrantelëscht geschriwwen, a säi Besëtz gouf konfiskéiert a verkaaft. De 4. Mäerz 1793 gouf hien definitiv als Emigrant deklaréiert.

De Bernis ass awer och zu Roum wichteg bliwwen, och wann hie keng offiziell Positioun méi hat. Am Abrëll 1790 huet hien d'Mesdames Adélaïde a Victoire, Duechtere vum Louis XV. empfaangen. Den 10. Dezember 1790 gouf hien zum « visiteur des églises, couvents et possessions de France » fir de Vatikan ernannt. Hie krut souguer nach eng diplomatesch Missioun: am Februar 1794 war hie fir Negociatioune mam Carlos V. zoustänneg, wou et ëm de Louis XVIII. gaangen ass, deen - awer eleng - invitéiert gouf.

Den 3. November 1794 ass de Bernis zu Roum gestuerwen. Hie war bis 1805 an der Kierch Saint-Louis-des-Français begruewen, duerno gouf säi Kierper an d'Kathedral op Nîmes bruecht. Säin Häerz ass awer zu Roum bliwwen.

Haaptwierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Réflexions sur les passions et sur les goûts (1741)
  • Poésies diverses, par M. L. D. B. (1744)
  • Œuvres meslées en prose et en vers de M. L. D. B (1753)
  • Les Quatre saisons, ou les Géorgiques françoises, poème (1763)
  • Les Saisons et les jours, poèmes (1764)
  • Œuvres complettes de M. le C. de B. (1767)
  • Correspondance du cardinal de Bernis, ministre d'État, avec M. Paris-Du-Verney, conseiller d'État, depuis 1752 jusqu'en 1769 (1790)
  • La Religion vengée, poème en 10 chants (1795)
  • Correspondance de Voltaire et du cardinal de Bernis, depuis 1761 jusqu'à 1777 (1799)
  • Mémoires et lettres de François-Joachim de Pierre, Cardinal de Bernis (1715-1758), publiés avec l'autorisation de sa famille, d'après les manuscrits inédits par Frédéric Masson (1878). Reeditioun : Mercure de France, Paräis, 2000.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Paul Desprat, Le Cardinal de Bernis, la belle ambition, Perrin, Paräis, 2000.
Virgänger
Nicolas Gédoyn
Fotell 3 vun der Académie française
1744-1794
Nofolger
Roch-Ambroise Cucurron Sicard