François-Joseph Dargent
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De François-Joseph Dargent, gebuer de 4. Mäerz 1805 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 14. Juli 1869 zu Eech, war e lëtzebuergeschen Apdikter a Politiker.
Vun 1864 bis 1869 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Eech, déi den 1. Juli 1920 mat der Gemeng Lëtzebuerg fusionéiert huet.
Hie war Matgrënner vun der Société des sciences médicales, der haiteger Section des sciences médicales vum Institut grand-ducal. Zu Eech ass eng Plaz (place Dargent, Eecherplaz) no him genannt.