François-Xavier de Feller
| Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De François-Xavier de Feller, gebuer den 18. August 1735 zu Bréissel vun Elteren aus Lëtzebuerg, gestuerwen den 23. Mee 1802 zu Regensburg, war Auteur, Schrëftsteller, Editeur a Geeschtlechen.
Hien ass an de Jesuitenuerden agetrueden, an huet um Kolléisch zu Lëtzbebuerg enseignéiert. Hien huet a verschiddene Klouschterbibliothéike weiderstudéiert, huet zu Léck gepriedegt an huet 1773 d'Redaktioun vum Journal historique et littéraire iwwerholl, deen zu Lëtzebuerg erauskoum. De Jousef II. huet dës Zeitung 1788 verbueden, wouropshin den de Feller op Maastricht geplënnert ass, fir se vun do aus virun eraus kënnen ze ginn.
De François-Xavier de Feller war deen éischten, deen erausfonnt huet, datt dat, wat a Siwebiergen an zu Lëtzebuerg geschwat gouf, sech zimlech geglach huet.
Literatur[änneren]
- Sprunck, Alphonse: François-Xavier de Feller; Biographie nationale, 1947, Fascicule 01, S.123-254
Kuckt och[änneren]
- Aner bekannte lëtzebuerger Jesuiten
- Johann Philipp Bettendorff (1625-1698)
- Jean-Baptiste Kremer (1869-1927)
- Jean-Claude Hollerich (*1958)
- Schrëftstellerheem Bellevue vun den däitsche Jesuiten an der Stad Lëtzebuerg (1899-1911)
Um Spaweck[änneren]
- Eng kuerz Biographie (fr)
- François Xavier de Feller S.J. "L'ancêtre du journalisme luxembourgeois" Dossier vum Romain Hilgert, d'Lëtzebuerger Land, 24. Mee 2002;