François Bausch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De François Bausch

De François Bausch, gebuer de 16. Oktober 1956 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker. Hien ass Member vun déi gréng an och President vun hirer Fraktioun an der Chamber.

De François Bausch, deen 1986 deene Grénge bäigetrueden ass, huet fréier bäi der CFL geschafft an ass elo an der Pensioun.

[änneren] Gemengepolitik

Hien ass zënter dem 1. Januar 1999 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg a vum 10. November 2005 un Éischte Schäffen.

[änneren] Landespolitik

Hie war vum 18. Juli 1989 bis den 11. Oktober 1992 Deputéierten an der Chamber an ass dat nees zënter dem 22. Juli 1994 bis haut.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen