François Boch

Vu Wikipedia
François Boch
Gebuer 1700
Gestuerwen 1754
Aktivitéit Handwierker, Geschäftspersoun

De François Boch[1],[2], gebuer 1700, a gestuerwen 1754, war en industrielle Pionéier. Hien huet zu Lëtzebuerg d'Faïence-Industrie opgebaut.

Hie war am Ufank Eisegéisser a Waffeschmadd an huet ënner anerem Kanounekugele gegoss. 1748 huet en zu Däitsch-Oth eng Parzeläinsmanufaktur zesumme mat senge Bridder opgeriicht mam Numm "Jean-François Boch et Frères", aus där spéider Villeroy & Boch entstanen ass.

De François Boch war mat der Jeanne Françoise Barbe Pierre bestuet, déi 1746 gestuerwen ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Genealogie vun der Famill Boch Archivéiert op 2010-07-29. Gekuckt de(n) 2009-08-29.
  2. Websäit vun der Faiencerie