François Cigrang

Vu Wikipedia
François Cigrang
Gebuer 1. Mäerz 1883
Stroossen
Gestuerwen 1. Mee 1973
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Demokratesch Partei

De François Cigrang, gebuer den 1. Mäerz 1883 zu Stroossen a gestuerwen den 1. Mee 1973 zu Esch-Uelzecht[1], war e lëtzebuergeschen Deputéierten (DP) a Komunalpolitiker.

Hie war vun 1954 bis 1964 Deputéierte vum Walbezierk Süden an der Chamber.[2]

Vun 1925 bis 1928, dunn 1935, duerno nees vun 1946 bis 1964 war hie Member vum Escher Gemengerot, a vun 1928 bis 1934, vun 1935 bis 1945 zousätzlech Member vum Schäfferot. Vum 10. September 1944, dem Dag vun der Befreiung vun Esch, bis den 1. November 1944, war hie kuerz Interims-Buergermeescher vun Esch.[1]

Zu Esch gouf 1977 am Quartier Fettmeth eng Strooss no him genannt (L-4068).[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Willy Allamano, Gilbert Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues - Esch an der Alzette und seine Straßen. Esch-sur-Alzette: [Selbstverlag], 2013. ISBN 978-2-87964-136-2.
  2. Hommage un de François Cigrang an der 52. Chambersëtzung den 23. Mee 1973