François Diederich

Vu Wikipedia
François Diederich
Gebuer 9. Juli 1952
Ettelbréck
Gestuerwen 23. September 2020
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Chimist, Universitéitsprofesser
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Berlin-Brandenburgische Akademie der Wissenschaften, National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences

De François Diederich, gebuer den 9. Juli 1952 zu Ettelbréck a gestuerwen den 23. September 2020[1], war e lëtzebuergesche Cheemiker an Universitéitsprofesser. Hie war spezialiséiert an der organescher Chimie.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De François Diederich huet vun 1977 un op der Universitéit vun Heidelberg studéiert, an 1979 do säin Doktorat gemaach (Dr. rer. nat.). Hien huet sech nach zu Los Angeles op der Universitéit vu Kalifornien vun 1979 bis 1981 weidergebilt. Duerno gouf hie Fuerschungs-Associé um Max-Planck-Institut fir medezinesch Fuerschung zu Heidelberg. No senger Habilitatioun, 1985, gouf hie vun 1985 bis 89 Professeur-Associé op der UCLA a war och do Professer vun 1989 bis 1992.

Vun 1992 bis 2017 war hie Professer fir organesch Chimie op der ETH zu Zürich an der Schwäiz.[1]

Hie gouf 2012 Foreign associate vun der US-amerikanescher National Academy of Science.[2],[3]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Otto Hahn Medail vun der Max-Planck-Gesellschaft, (1979),
  • Dreyfus Teacher-Scholar Award, (1987),
  • ACS Arthur C. Cope Scholar Award, (1992),
  • Otto-Bayer-Preis für Chemie, (1993),
  • Janssen Prize for Creativity in Organic Synthesis, (2000)
  • Havinga Medal, (2000),
  • Humboldt Research Prize, (2005),
  • Burkhard-Helferich Prize, (2005),
  • August-Wilhelm-von-Hofmann-Denkmünze, (GDCh, 2006),
  • ACS Ronald Breslow Award for Achievements in Biomimetic Chemistry, (2007).
  • Hien ass Member vun
    • der Deutsche Akademie der Naturforscher Leopoldina,
    • der American Academy of the Arts and Sciences,
    • der Berlin-Brandenburgische Akademie der Wissenschaften (BBAW),
    • an der Real Academia Española de Ciencias.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Diederich, F.; Stang, P. J.; Tykwinski, R. R. (Eds.) "Acetylene Chemistry”, Wiley-VCH, Weinheim, 2004.
  • Diederich, F.; de Meijere, A. (Eds.) "Metal-Catalyzed Cross-Coupling Reactions II”, Wiley-VCH, Weinheim, 2004.
  • Diederich, F.; Stang, P. J. (Eds.) "Templated Organic Synthesis", Wiley-VCH, Weinheim, 1999.
  • Diederich, F.; Künzer, H. "Recent Trends in Molecular Recognition", Springer, Berlin 1998.
  • Diederich, F.; Stang, P. J. (Eds.) "Metal-Catalyzed Cross-Coupling Reactions", Wiley-VCH, Weinheim, 1998.
  • Diederich, F.; Stang, P. J. (Eds.) "Modern Acetylene Chemistry", VCH, Weinheim, 1995.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: François Diederich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Luxemburger Wort 2020-09-28, S. 50 (Doudesannonce).
  2. "Félicitations de François Biltgen au professeur François Diederich à l'occasion de son élection à la National Academy of Sciences des Etats-Unis." gouvernement.lu, 07-05-2012.
  3. Grands honneurs pour chercheur luxembourgeois. Le professeur François Diederich élu à la National Academy of Sciences des Etats-Unis.. Luxemburger Wort vum 8. Mee 2012, S. 12.