François Gillen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De François Gillen, gebuer den 10. Juni 1914 zu Iechternach an do gestuerwen den 3. November 1997, war e lëtzebuergesche Moler, Zeechner a Sculpteur.
De François Gillen huet vun 1945 un a Frankräich gelieft. Hien huet och Mosaiken a Kierchefënsteren, ë. a. vun der Iechternacher Basilika geschaf. Vun him ass och d'Monument vun der nationaler Solidaritéit um Kanounenhiwwel an der Stad Lëtzebuerg.
1948 huet hien, zesumme mat de Kënschtler Victor Jungblut, Joseph Probst a Lucien Wercollier am Cercle municipal an Stad Lëtzebuerg um éischte Salon de la nouvelle équipe ausgestallt.[1]
Hie war 1954 ee vun de Grënner vun den Iconomaques.
Inhaltsverzeechnes |
Wierker [änneren]
- Freskemolerei Sciences (1954) am Lycée classique d'Echternach zu Iechternach (gouf bei Ëmbauaarbechten zerstéiert)
- Mosaik-Wierker um Postgebai zu Iechternach
- Fënsteren am Dënzelt zu Iechternach
- En Deel vun de Fënsteren an der Basilika zu Iechternach
- Fënsteren vun der Péitrus a Paulus-Kierch zu Iechternach
- Glasbetongfënsteren an der Kierch zu Lëtzebuerg-Belair
- En Deel vun de Fënsteren an der Kierch zu Lëtzebuerg-Bouneweg
- Monument fir den 30. Anniversaire vun de Réimesche Verträg zu Lëtzebuerg-Gare
Literatur [änneren]
- BIL et Cahiers Luxembourgeois (éds), 1995. François Gillen un artiste. Echternach eine Stadt. Luxembourg, 93 S. ISBN 2-919976-19-2
- Pierre Courthion, 1978. François Gillen. Paris: Musée de poche, Luxembourg, Bourg-Bourger, 109 S.
- Linda Eischen, 2008. François Gillen. Ons Stad 89: 77-79. (An der Serie: La Collection Luxembourgeoise du musée national d'histoire et d'art).[1]
- Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 20-21)
- Marc Theis, Elisabeth Vermast: Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui, Edition Marc Theis, Lëtzebuerg / Hannover, 1995, S. 36-37.
Kuckt och [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Luxemburger Wort vum 22. Mee 1948, S. 2 (Link)