François Gonnessiat

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
entdeckt Asteroiden: 2
(915) Cosette 14. Dezember 1918
(931) Whittemora 19. Mäerz 1920

De François Gonnessiat, gebuer den 22. Mee 1856 zu Nurieux-Volognat a gestuerwen den 18. Oktober 1934 war e franséischen Astronom.

De Gonnessiat hat ufanks am Observatoire zu Lyon geschafft. 1901 gouf hien Direkter vum Quito-Observatoire am südamerikaneschen Ecuador, wou hie geodetesch Ënnersich gemaach huet. E puer Joer méi spéit huet hien d'Leedung vum Algier-Observatoire iwwerholl, wou hie vun 1908 bis 1931 Direkter war.

De Gonnessiat huet un éischter Plaz Koméiten erfuerscht a se och observéiert. Während der Zäit zu Algier ass him och d'Entdeckung vun zwéin Asteroide gelongen. Zu sengen Éiere krut den Asteroid (1177) Gonnessia säin Numm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie