François Konter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De François Konter, besser bekannt als Bizzi oder Bitzi Konter, gebuer den 20. Februar 1935 zu Zowaasch, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.[1]

De Konter war dat sechst vu siwe Kanner an huet vu klengem un zu Zowaasch gewunnt. Zënter 2005 wunnt hien zu Nidderkuer.

Tëschent dem 9. Oktober 1955 am 23. Abrëll 1969 huet hien a 77 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe 4 Goler geschoss.[2]

Vun 1951 bis 1961 huet hie fir Chiers Rodange gespillt, duerno gouf hie Profi an huet noeneen fir den RSC Anderlecht, R. Crossing Club Molenbeek an A.R.A. La Gantoise gespillt.

1971-1972 war hie Foussballtrainer bei Excelsior Virton, 1972-1974 bäi Woluwé St Lambert, 1974-1976 beim F.C. Minière Lasauvage an 1976-1978 bäi der Fola Esch.

Fir ze liesen [änneren]

  • Bitzi Konter. Erfolgreicher Sportler der Gemeinde Differdingen, in: Déifferdang Magazine, Nr 8, 2005

Referenzen [änneren]