François Lascombes

Vu Wikipedia
François Lascombes
Gebuer 1921
Lëtzebuerg
Gestuerwen 1991
Belair
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Theolog, Schrëftsteller

Den Abbé François Lascombes, gebuer den 28. Mee 1921 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 19. Februar 1991, war ee lëtzebuergesche Geeschtlechen, Historiker an Auteur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De François Lascombes ass, no senge Secondairesstudien am Stater Kolléisch an zu Dinant, 1945 an de Stater Priisterseminaire agetratt. Virdrun, wärend dem Zweete Weltkrich, war hien an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert ginn an a Pole ganz uerg verwonnt ginn. De 15. Juli 1951 gouf hien, nieft zéng weidere Seminaristen, vum Bëschof Léon Lommel zum Priister geweit an als Kaploun op de Lampertsbierg geschéckt. 1958 gouf hie Kaploun um Belair, a war dunn, vun 1963 bis 1983, Paschtouer zu Kautebaach. Obschonn hien zanter dem Krich kierperlech geschwächt war an och nach de Gebrauch vu sengem lénksen A an den 1970er Jore verluer hat, huet den Abbé François Lascombes eng grouss Aktivitéit als Historiker vu senger Heemechtsstad an als Auteur un den Dag geluecht. Hien ass e puer Woche viru sengem 70. Gebuertsdag an der Stad gestuerwen.

Zanter 1986 war hie membre effectif vun der Section historique vum Institut grand-ducal. Hie war och aktiv an der Aarbechtsgrupp, déi den zukünftege Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg opgebaut huet.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Chronik der Stadt Luxemburg (I. Bd.: 963-1442) ; Lëtzebuerg, 1968.
  • Chronik der Stadt Luxemburg (II. Bd.: 1444-1648) ; Lëtzebuerg, 1976.
  • Mit geschlossenem Auge ; Lëtzebuerg (Bourg-Bourger), 1977.
  • La Ville de Luxembourg pendant la seconde moitié du 17e siècle - Habitations et habitants ; Band IC vun de Publikatioune vun der Section historique vum Institut grand-ducal, Lëtzebuerg (Imprimerie Joseph Beffort), 1984; 448 Säiten.
  • Le quartier de Bel-Air à vol d'oiseau dans le temps ; in: 50 Jor Por Belair - 1935-1985: Brochure commémorative du Cinquantenaire de la Paroisse Saint-Pie X de Luxembourg-Belair ; Lëtzebuerg (Drock: Sankt-Paulus), 1985; Ss. 12-98.
  • Chronik der Stadt Luxemburg (III. Bd.: 1684-1795) ; Eegeverlag, Lëtzebuerg (Drock: Imprimerie Centrale), 1988; 576 Säiten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Margue, Nouvelle publication: La ville de Luxembourg et ses habitants il y a trois siècles ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 9. Mee 1985.
  • Paul Margue, Neuerscheinung: Alltag in Luxemburg 1684-1795 - François Lascombe: Chronik der Stadt Luxemburg, 3. Band ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 11. Januar 1989, S. 4.
  • Michel Schmitt, Den Pulsschlag der Hauptstadt herauskristallisieren - Der Historiker François Lascombes (+ 19.2.91) ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 27. Februar 1991, S. 4.
  • Michel Schmitt, In memoriam abbé François Lascombe ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 6. Mäerz 1991, S. 12.