François Laurent

Vu Wikipedia
François Laurent
Gebuer 8. Juli 1810
Lëtzebuerg
Gestuerwen 11. Februar 1887
Gent
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Léck,
Université d'État de Louvain
Aktivitéit Historiker, Universitéitsprofesser, Affekot, Jurist, Schrëftsteller

De François Laurent, gebuer den 8. Juli 1810 an der Philippsgaass an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 11. Februar 1887 zu Gent, war e belsche Jurist an Historiker mat lëtzebuergesche Wuerzelen.

Hien huet op de staatlechen Universitéite vu Léiwen a vu Léck studéiert. Zu Léck huet e säin zukünftege Schwoer, de Victor Tesch, kennegeléiert. Si haten als Professer den Antoine Ernst, deen 1834 belsche Justizminister gouf an de François Laurent zum Chef de Bureau a sengem Ressort ernannt huet. 1836 gouf en op d'Genter Universitéit beruff, wou en Droit dozéiert huet. 1839 oder kuerz duerno huet de Fr. Laurent déi belsch Nationalitéit ugeholl. An den 1840er Joer, wéi en zu Gent Professer war, huet en eng Rëtsch grondleeënd Bicher geschriwwen: E Commentaire an 33 Bänn iwwer de Code Civil, eng Etüd iwwer de Code Napoléon a Wierker iwwer d'Prinzipie vum internationale Recht. Donieft huet hien och politesch-sozial Schrëfte verfaasst, déi zum Deel op Däitsch iwwersat goufen. Zu Gent huet hien en Aarbechter-Spuerveräin, d'Société Callier matgegrënnt. Seng Konferenzen iwwer d'Spuere goufen an néng Sproochen iwwersat.

Hie war och als Historiker aktiv an huet eng breetugeluecht Geschicht vun der Mënschheet an 18 Bänn geschriwwen.

Politesch-sozial huet hie sech besonnesch dofir agesat, datt eng allgemeng Schoulflicht ënner staatlecher (an net kierchlecher) Opsiicht sollt bestoen. Hien huet och eng Partie antiklerikal Artikelen hannerlooss.

Zu Gent ass eng Plaz no him genannt, op där laanscht de Brabantdam e Monument fir hien opgeriicht gouf. Um Lampertsbierg gouf eng Strooss (Rue Laurent) no him genannt, an an der Stad dréit e Lëtzebuerger Juristenzerkel säin Numm.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • René Link: François Laurent et le Luxembourg. Luxembourg: Cercle François Laurent, 1987.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: François Laurent – Biller, Videoen oder Audiodateien