François Müller (1813)

Vu Wikipedia
Franz Müller

De François (Franz) Müller, gebuer de 7. Abrëll 1813 zu Éileng an do gestuerwen de 4. Oktober 1866,[1] war e lëtzebuergesche Geeschtlechen.

Hien ass am August 1838 zu Floreffe an der Belsch zum Priister geweit ginn. Am Hierscht 1840 ass hie Kaploun zu Diddeleng ginn an am Fréijoer 1841 Prorektor am Progymnase vun Dikrech.

Vum 3. Oktober 1848 bis de 15. Mee 1854 war de Franz Müller als Vertrieder vum Kanton Esch an der Chamber. Den 20. Abrëll 1854 ass hien als Nofollger vum Jacques Missy Direkter vun der Iechternacher Mëttel- a Gewerbeschoul ginn; seng politesch Aktivitéit huet hien dunn opginn. Wéi 1856 déi Iechternacher Akerbauschoul gegrënnt ginn ass, huet de Müller do Nationaleconomie a landwirtschaftlech Legislatioun enseignéiert.[2]

De Franz Müller, deen zu Éileng bei der Famill an der Vakanz war, wéi e gestuerwen ass, war warscheinlech en Affer vun der Cholera; als méiglech Doudesursaach ass awer och de Morbus miliaris (suette oder Schweißfriesel), eng Krankheet, déi 1866 parallel zu der Cholera-Epidemie opgetrueden ass, ernimmt ginn.[2]

Ënner dem F. Müller senge Publikatiounen ass besonnesch säi Wierk iwwer d'Iechternacher Spidol ervirzesträichen, dat 1864 publizéiert ginn ass. Auszich aus senge Rieden als Schouldirekter sinn am Luxemburger Wort ofgedréckt ginn; d'Lëscht dovu fënnt een am Martin Blum senger Bibliographie (cf. Literatur).

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Enseignement de l'économie politique à l'École d'agriculture du Grand-Duché de Luxembourg / Fr. Muller. - [Luxembourg]: [Victor Bück], 1865. - S. 44-62 (Programme de l'École d'agriculture d'Echternach, 1865).
  • Das Bürger-Hospital zu Echternach (Grossherzogthum Luxemburg) / von Franciscus Müller. Zweiter Abdruck. - Luxemburg: V. Bück, 1864. - 373 S. [1]
  • Das Bürger-Hospital zu Echternach / Fr. Müller. - In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1863-1864 / König-Grossherzogliche Mittel-und Gewerbschule zu Echternach. - Luxembourg: V. Bück, 1864. - S. 3-105
  • Wichtigkeit des letztjährigen Besitzstandes. - Luxembourg: V. Bück, 1862. - 6 p. (Programme de l'École d'Agriculture d'Echternach, 1861/62).
  • Précis de la législation rurale en vigueur dans le Grand-Duché de Luxembourg: coordonnée d'après le système de M.A. Bourguignat / par Fr. Müller. - Luxembourg: V. Bück, 1860. - X, 255 S.
  • Versuch einer Chronik des Studienwesens in Echternach, besonders seit dem Ende des vorigen Jahrhunderts bis zur Gründung des König-Grossherzoglichen Progymnasiums im Jahre 1841 / Fr. Muller. In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1855-1856: mit einer Abhandlung über das Unterrichtswesen früherer Zeiten in der Stadt Echternach / König-Grossherzogliche Mittel- und Gewerbschule zu Echternach. - Luxembourg: P. Brück, 1856. - S. 13-47.
  • Versuch einer Vereinfachung und Erleichterung der sphärischen Trigonometrie / Fr. Müller. - In: Programm zum Schlusse des Schuljahrs 1848-1849 / Königlich-grossherzogliches Progymnasium zu Diekirch. - Diekirch: J.A. Schröll, 1849. - S. 1-10.
  • Fortsetzung der geschichtlichen Notizen / Fr. Müller. - In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1842-1843 / Königlich-Grossherzogliches Progymnasium zu Diekirch. - 1843. - S. 3-14.[3]
  • Die heiligen Martyrer Quirinus, Firminus und Ferreolus: nach dem römischen Martyrologium und Baronius / hrsg. von einem Priester von Ehling. - Luxemburg: J. Lamort, 1839. - 12 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arendt, Karl, 1904-1910. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfängen bis zur Neuzeit: mit biographischen Notizen. Luxemburg: M. Huss. - Neuauflage. Luxemburg, Ed. Kutter, 1972, 514 S. + 6 S. (Direktor Franz Müller: S. 480).
  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Vol. 1: A-L. München, Kraus International Publications, XXXIII-756 S. (Müller, François: S. 108-109).
  • Faber, Charles, 1867. [Nécrologie de François Muller]. In: Programme de l'École d'agriculture d'Echternach, 1866-1867, S. 56.
  • Heuertz, Jean, 1961. Ein großer Luxemburger, erster Pionier der Landwirtschaft: Dr. Franziskus Muller aus Ehlingen (1813-1866). In: An der Ucht 1961, S. 67-71.[4]
  • Luxemburger Wort, 1866. Nr. 243 (19. Oktober), S. 1. [2]
  • Massard, Jos. A., 1986. Der Kanton Esch und die Cholera 1865/1866. Teil III. In: Galerie 4 (1986), No 1, S. 41-58.
  • Massard, Jos. A., 1988. Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, S. 1-259 (Fr. Müller, S. 109-115).
  • Neyen, Auguste, 1876. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 3. Luxembourg, J. Joris, 490+XXXI+XII p. + table gén. alphabét. (Fr. Müller: S. 317-319).
  • Simon, Jean, 1867. Biographische Notiz über Director Franz Müller. In: Programm der Mittel- und Gewerbschule Echternach 1866-1867, S. 3-5.[5]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gemeng Monnerech, Stierfregëster 1866, Akt N° 38 vum 5. Oktober, gestuerwen de 4. Oktober 1866. An der Literatur fënnt ee praktesch nëmmen de falschen Datum vum 5. Oktober 1866 (Simon 1867, Neyen 1876, Blum 1981, Arendt 1904-1910, Massard 1986, Massard 1988); de richtegen Datum stoung awer schonn am Luxemburger Wort (1866). Kuck Massard 1988, Corrigenda et Addenda 2021.
  2. 2,0 2,1 Massard 1986, 1988.
  3. Vgl.: Stehres, Pierre, 1842. Geschichtliche Notizen und Anekdoten gesammelt aus Urkunden des Schlosses zu Erpeldingen. - In: Programm zu der am Schlusse des Schuljahres 1841-1842 stattfindenden öffentlichen Prüfung und Schlussfeier / Königlich-Grossherzogliches Progymnasium zu Diekirch. - Diekirch: J.A. Schröll. - S. 3-34. Weis, Jean, 1847: Fortsetzung der geschichtlichen Notizen, gesammelt aus den Archiven des Erpeldinger Schlosses. - In: Programm, veröffentlicht am Schlusse des Schuljahres 1846-1847 / Königlich-Grossherzogliches Progymnasium zu Diekirch. - Diekirch: J.A. Schröll. - S. 1-28.
  4. Opgepasst: den Direkter vun der Iechternacher Akerbauschoul war de Veterinär Charles Faber (1819-1875) an net de Fr. Müller, wéi ee beim Liesem vum Heuertz sengem Artikel kéint mengen.
  5. De Simon schreift de Müller wier “fin de septembre 1866” gestuerwen, wat natierlech falsch ass.