François Maroldt

Vu Wikipedia
François Maroldt
Gebuer 23. Mäerz 1952
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 28. November 2017
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Lycéesprofesser
Partei CSV
Famill
Geschwëster Ed Maroldt

De François "Frunnes" Maroldt, gebuer den 23. Mäerz 1952 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 28. November 2017[1] war e lëtzebuergesche Lycéesprofesser a Politiker.

No sengem Studium zu Liverpool huet hien als Enseignant fir ee Joer am Lycée technique Mathias-Adam zu Péiteng an dunn am Lycée technique d'Esch-sur-Alzette respektiv am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht geschafft[2].

Hie war aacht Joer laang Directeur adjoint am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht, wou en den 1. Abrëll 2007 dann Direkter ginn ass.

An der Stad Esch-Uelzecht war hie vu September 1999 bis Mee 2000 Schäffen. Opgrond vum Resultat vun de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 gouf et zu Esch e Schäfferot mat enger CSV-DP-déi Gréng-Majoritéit. Doropshinn hätt de Maroldt sollen 2020 de Poste vum Schoulschäffen iwwerhuelen[1].

Vum 3. August 2004 bis den 31. Mäerz 2007 war hien CSV-Deputéierten an der Chamber. Hie gouf do vum Gilles Roth ersat.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 François Maroldt ist gestorben op wort.lu den 28. November 2017
  2. Interview am Paperjam vum 25. Mäerz 2005