François Mersch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De François Mersch, gebuer den 9. Juni 1913 an der Stad Lëtzebuerg, och do gestuerwen de 15. Februar 1983,[1][2] war e lëtzebuergesche Liichtathleet an Editeur.
1936 war hien als Liichtathlet bei den Olympesche Spiller zu Berlin. D'100m ass hien do an 11,0 s gelaf an am Wäitsprong koum hien op 6,90 m.[3]
Vun 1961-1962 war hie President vun der Lëtzebuerger Liichtathletikfederatioun
Inhaltsverzeechnes |
Säi Palmarès als Liichtathlet[änneren]
De François Mersch huet geglänzt am Wäitspronk an als Kuerzstreckeleefer.
- 1938: Landesrekord am Wäitspronk mat 7,44 m. De "längste Saz", deen eréischt 1985 vum Marc Kemp iwwerbuede gouf.
- 1939: Sëlwermedail zu Monte Carlo am Wäitspronk op de Welt-Studentespiller mat 7,05 m
Seng Publikatiounen als Editeur[änneren]
- Mersch, François: Editeur vun der Auto-Revue
- Mersch, François : Bergauf, bergab mit Charly Gaul, 1959, Editioun François Mersch, 241 Säiten
- Mersch, François: Luxemburg, So wie es war (1880-1940),(Editions François Mersch),1978
- Mersch, François: Le Grand Duché de Luxembourg à la Belle Epoque,Tome I (1870 - 1914), Editions François Mersch, 1978
- Mersch, François: Le Grand Duché de Luxembourg à la Belle Epoque,Tome II (Editions François Mersch), 1990
- Mersch, François: Le Grand Duché de Luxembourg à la Belle Epoque,Tome III (Editions François Mersch), 1980
- Mersch, François: Le Grand Duché de Luxembourg à la Belle Epoque Guerre et Paix,(Editions François Mersch), 1981
Kuckt och[änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen[änneren]
- ↑ sports-reference.com
- ↑ Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 294
- ↑ Association Luxembourgeoise des Olympiens