François Mignet

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De François Auguste Alexis Mignet (*8. Mee 1796; †24. Mäerz 1884) war e franséischen Historiker.

De François Mignet ass zu Aix-en-Provence op d'Welt komm. Säi Papp war e Schlässer aus der Vendée, deen d'Iddië vun der Revolutioun mat Begeeschterung opgeholl huet, a bei sengem Jong liberal Iddien encouragéiert huet. No Studien zu Avignon an deem Lycée wou hie spéider selwer Professer war (1815) ass hien zréck op Aix gaangen, fir Droit ze studéieren. 1820 huet d'Académie de Nîmes de Mignet fir säin Eloge de Charles VII gelueft, a säi Mémoire Les Institutions de Saint Louis krut 1821 e Präis vun der Académie des Inscriptions et Belles Lettres.

Duerno ass hien op Paräis gaangen, a säi Frënd a spéidere President vun der Republik Adolphe Thiers huet net laang op sech waarde gelooss. Hien huet déi liberal Zeitung Courrier francais, kennegeléiert, an ass an de Krees vun de Mataarbechter opgeholl ginn, déi e Krich um Pabeier géint d'Restauratioun gefouert hunn. D'Wëssen iwwer d'Leit an d'Intrigen aus der Napoleonescher Ära krut hie vum Talleyrand vermëttelt.

Dem Mignet seng Histoire de la revolution française (1824) war eng grouss Skizz déi a véier Méint virbereet gi war, an déi méi Wäert op fundamental Theorië wéi op Fakte geluecht huet. 1830 huet de Mignet zesumme mam Thiers a mam Armand Carrel d'Zeitung National erausginn. Bis zu der Revolutioun vun 1848 war hien Direkter vun den Archiver vum Ausseministère, an huet sech, nodeem hien entlooss gouf, an d'Privatliewen zréckgezunn. Hie war e gewielte Member vun der Académie des sciences morales et politiques, déi 1832 nees agefouert gi war, a gouf 1837 zum permanente Sekretär ernannt. 1836 ass hien och Member vun der Académie française ginn.

Ausser sengem Wierk iwwer d'Franséisch Revolutioun, wat kloer e politescht Manifest war, huet hie sech vill mam Mëttelalter befaasst: De la féodalité, des institutions de Saint Louis et de l'influence de la législation de ce prince (1822); La Germanie au VIIIe et au IXe siècle, sa conversion au christianisme, et son introduction dans la société civilisée de l'Europe occidentale (1834); Essai sur la formation territoriale et politique de la France depuis la fin du XIe siècle jusqu'à la fin du XVe (1836).

Seng berühmteste Wierker dréine sech ëm d'Neizäit. Hie wollt iwwer eng laang Zäit eng Geschicht vun der Reformatioun schreiwen, mä nëmmen en Deel dovun, d'Reformatioun zu Genf, gouf publizéiert. Fir seng Histoire de Marie Stuart (2 Bänn, 1851) huet hien Dokumenter benotzt, déi bis dohin nach net verëffentlecht gi waren, déi meescht Sourcen huet hien an den Archiver vu Simancas fonnt. Hien huet och e puer Wierker iwwer d'Geschicht vu Spuenien geschriwwen, déi e grousse Succès waren: Charles Quint, son abdication, son séjour, et sa mort au monastère de Yuste (1845); Antonio Perez et Philippe II (1845); Histoire de la rivalité de François Ier et de Charles Quint (1875). Zur selwechter Zäit krut hien den Optrag fir d'diplomatesch Akte vum Spueneschen Ierffollegkrich fir d'Collection des documents inédits ze verëffentlechen; nëmme véier Bänn vun dësen Negotiations goufe publizéiert (1835-1842), a si ginn nëmme bis bei de Fridde vun Nijmwegen.

Hien ass zu Paräis gestuerwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]