François Reuter

Vu Wikipedia
François Reuter
Gebuer 3. Abrëll 1819
Lëtzebuerg
Gestuerwen 17. Februar 1908
Lëtzebuerg
Aktivitéit Meteorolog, Chimist

De Jean François Reuter, gebuer den 3. Abrëll 1819 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 17. Februar 1908, war e lëtzebuergesche Chimiesprofesser a Meteorolog.

Am September 1848 huet de François Reuter eng Nominatioun als provisoresche Chimiesprofesser am Atheneum krut, am September 1853 gouf hien definitiv genannt. Am Juni 1871 ass hie Professer 1. Klass ginn. An d'Pensioun goung hien am Abrëll 1888.[1]

De François Reuter war Grënnungsmember an éischte Sekretär (1850-1853) vun der Société des sciences naturelles, déi hie vun 1870 bis 1906 presidéiert huet.[2]

De Reuter huet eng ganz Rei vun Artikelen iwwer cheemesch Sujete publizéiert, z. B.: eng Analys vum Mondorfer Mineralwaasser (1845), en Artikel iwwer de Fulmicoton (zesumme mat dem Petrus-Johannes-Jacobus van Kerckhoff), iwwer d'Antimonäerz aus der Géisdrëffer Grouf (1853), d'Lëtzebuerger Eisenäerzer (1855, 1864, 1865).[3] Als Kuriositéit ka seng Analys vum Waasser vun der Pirminus-Quell vu Kauneref (1863), nach ervirgehouwe ginn; de Reuter konnt kee cheemesche Bestanddeel noweisen, deen déi vermeintlech Heelkraaft vun där Quell justifiéiert hätt.

D'Haaptwierk vum Reuter sinn awer sécherlech seng meteorologesch Observatiounen, déi hie vun 1854 u gemaach huet an déi spéider ënner dem Titel «Observations météorologiques» vun der Société des sciences naturelles als "mémoires hors série " publizéiert goufen: 1867 (1. Band), 1874 (2. Bd.), 1887 (3. a 4. Bd.), 1890 (5. Bd.).

Et ass ze bemierken, datt de Reuter huet verschidde vu senge Publikatioune mat Reuter-Chomé signéiert, dorënner och säin Nekrolog fir den Alphonse de la Fontaine (1897).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonyme, 1999. Personnagen: Jean François Joseph Reuter. Lëtzebuerger Journal 1999, Nr. 65 (3./4. Apr.), S. 25.
  • Heuertz, F., 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Luxembourg, VIII, 79 S.
  • Massard, J.A., 1989. La vie scientifique. In: M. Gerges (éd.): Mémorial 1989: la Société luxembourgeoise de 1839 à 1989. Luxembourg, Les Publications Mosellanes, S. 408-440. PDF
  • Massard, J.A., 2000. Les origines de la Section des Sciences de l'Institut grand-ducal. In: Institut grand-ducal, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, 1850-2000: Les sciences à l'aube du 21e siècle. Cycle de conférences du 12 octobre au 21 décembre 2000 au Centre Universitaire de Luxembourg. Luxembourg, S. 10-20. PDF
  • Massard, J.A., 2005. Aspects de l'histoire de la météorologie au Luxembourg. Ferrantia (Travaux scientifiques du musée national d'histoire naturelle de Luxembourg), 43: 9-20. PDF

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Heuertz 1922, S. 51.
  2. Massard 2000, S. 13.
  3. Massard 1989, S. 423; eng komplett Lëscht ass beim Martin Blum ze fannen: Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, S. 328-330.