François Schanen

Vu Wikipedia
François Schanen
Gebuer 16. Mee 1938
Lëtzebuerg
Gestuerwen 29. September 2023
Saint-Jean-de-Védas
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Aktivitéit Linguist, Universitéitsprofesser, Theolog, Philosoph, Iwwersetzer, Germanist

De François Schanen, gebuer de 16. Mee 1938 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 29. September 2023 zu Saint Jean de Védas[1][2], war e franséische Sproochwëssenschaftler mat Lëtzebuerger Originnen.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De François Schanen huet seng Primärschoul an Däitschland zu Bremke an zu Schengen gemaach. Duerno koume vun 1948-1955 Études gréco-latines zu Déifert an der Belsch. Vun 1955-1962 huet hie Philosophie an Theologie zu Lyon a Frankräich studéiert, an duerno, vun 1962-1965, Germanistik an Allgemeng Linguistik op der Sorbonne zu Paräis

No senger Franséischer Naturalisatioun (1969/1970: de Francois Schanen huet déi duebel Lëtzebuergesch a Franséisch Nationalitéit) huet hien eng Maîtrise an e CAPES d'allemand (1971), eng Agrégation d'allemand (1972) a schliisslech d'Habilitatioun mat engem Doctorat d'État (1980) gemaach. Hie war Däitschprofesser am Enseignement Secondaire an der Paräisser Géigend (1963-1972), dunn Assistant op der Universitéit Toulouse-le-Mirail (1971-1981) a Professeur titulaire des universités op der Universitéit Paul Valéry vu Montpellier (1981-2000). Hie gouf Professeur émérite am Joer 2000.

Weider war de François Schanen Member am Jury d'agrégation d'allemand (1978-1982; 1988-1992), Directeur de l'unité de Formation et de recherche des langues vivantes zu Montpellier (1986-1991) an Direkter vun zwou Equipe-de-recherchen: Études germaniques (1983-1988) a Récits et mythologies bibliques (1993-1999). Hie war vun 1973 u Member vum Institut grand-ducal an och Offizéier am Ordre des Palmes académiques (1989/2001).

De François Schanen huet zu Clapiers bei Montpellier a Frankräich gewunnt.

Aarbecht a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Als Enseignant an der Linguistik an am Däitschen huet de Professer Schanen seng Carrière secondaire an universitaire mat net onwichtegen administrative Verantwortungen zu Paräis, Toulouse a Montpellier opgebaut.

Parallel dozou huet hie sech och als Iwwersetzer a Fuerscher verdéngt gemaach. Hien huet aacht Bicher iwwer Philosophie, Theologie, Literatur a Bibelfuerschung vum Däitschen an d'Franséischt iwwersat, ë. a.:

  • Rudolf Schnackenburg: Le message moral du Nouveau Testament, (Le Puy, 1963 1 Oplo, 1965 2. Oplo, 368 S.);
  • Ernst Neuhäusler: Exigence et morale chrétienne. (Coll. Lectio divina, n° 70; Paris, 1971, 370 S.);
  • an deelweis: Eberhart Jüngel: Dieu, mystère du monde (Paris, 1983; tome I: 351 S.; tome II: 316 S.).

Dobäi huet hien och dem franséische Publikum Iwwersetzunge vu Gedicht- a Konschtsammlungen zougänglech gemaach ë. a. vum

Als Fuerscher an Didaktiker ass de Professer Schanen renomméiert duerch sechs däitsch Grammatiken a ronn honnert linguistesch Bäiträg an Zäitschrëften a Kolloquien, ë. a.:

  • Grammaire de l'allemand. Formes et fonctions (Paris, 1986, 608 S.; verschidden Oploen; iwwer 50.000 Exemplairen; mat der Kollaboratioun vum J. P. Confais);
  • Grammatik Deutsch als Fremdsprache (München, 1995, 232 S.);
  • La grammaire allemande. Collection Bescherelle. (Paräis, 2000, 383 S.; éischt Oplo: 45000 Exemplairen; zweet Oplo: 2008; mat der Kollaboratioun vum G. Cauquil).

Iwwer déi theoreetesch linguistesch Positioune vum François Schanen, cf. D. Baudot an I. Behr (Hrsg.): Funktion und Bedeutung: Modelle einer syntaktischen Semantik des Deutschen. Festschrift für François Schanen (Eurogermanistik. Tübingen 2003, 359 S.).

Wat d'Lëtzebuergescht ugeet, huet de François Schanen vun 1972 bis 1980 seng Thèse d'État iwwer d'Syntax geschriwwen, net nëmmen iwwer d'Syntax vum Schengener Dialekt:

  • Recherches sur la syntaxe du luxembourgeois de Schengen: l'énoncé verbal. Thèse d'Etat. Sorbonne – Paris IV, 4 Bänn, 1160 Säiten. Microfiches. (Lille, 1981. Op Pabéier an der Bibliothèque Nationale an am CNL vu Miersch).

Déi grondsätzlech nei Thees ass vum Fernand Hoffmann als Pionnéieraarbecht begréisst ginn (cf. "Saussure enfin désaussurisé ou quand la linguistique se met au diapason de la dialectologie. Présentation des Études sur la syntaxe du luxembourgeois de François Schanen", in: Bulletin Linguistique et Ethnologique de l'Institut Grand-Ducal, Luxembourg, fasc. 24, 1987, S. 129-141).

E preliminairen Auszug ass 1978 publizéiert ginn: "Observations sur le système verbal du luxembourgeois: inventaire critique des formes. Emplois fonctionnels des temps", in: Bulletin linguistique et ethnologique de l'Institut Grand-Ducal, Luxembourg; fasc. 21, 1978, S. 27-90.
E Resümmee vun dëser Gruppegrammatik ass 1987 erauskomm: "Grundzüge einer Syntax des Lëtzebuergeschen", in: J. P. Goudaillier (Hg): Aspekte des Lëtzebuergeschen. Beiträge zur Phonetik und Linguistik, Bd. 55, Hamburg, S. 3-87.
E puer aner Bäiträg sinn:

  • "D'Lëtzebuerger Platt", in: J. M. Zemb: Vergleichende Grammatiken. Duden. Französisch-Deutsch. Comparaison de deux systèmes. Vol. 2., Mannheim, 1984, S. 355-383;
  • "La place des éléments verbaux en luxembourgeois: principes de linéarisation", in: Festschrift für Albert Schneider. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg. Germanistik fasc. III. Luxembourg, 1991, S. 273-297;
  • "Les enjeux linguistiques d'un nouveau dictionnaire du luxembourgeois", in: d'Lëtzebuerger Land, dossier 3/94, Supplément n° 38 du quotidien du 23/09/1994, S. 9-12;
  • "Kréien (+ Partizip II) im Lëtzebuergeschen", in: Claudine Moulin / Damaris Nübling: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik. Studien zu Diachronie und Synchronie, Heidelberg 2006, S. 203-225;
  • "Kohärenzbedingungen im geschriebenen Lëtzebuergesch". Texte coordonné du système officiel de l'orthographe luxembourgeoise und Nei Lëtzebuergesch Grammatik, IGD/CNL: Lëtzebuergesch. Entwicklungstendenzen und Forschungsperspektiven einer jungen Sprache, Luxemburg, 2005, S. 169-182.

Zanter sengem Emeritat (2000) huet de Professer Schanen nees, mat der Hëllef vu Lëtzebuerger Doktoranten, seng Recherchen iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch a verschidde Richtungen aktivéiert.

Zanter Mäerz 2006 schreift hien och reegelméisseg eng Sproocherubrik fir d'Zeitung d'Lëtzebuerger Land. Déi éischt 98 Texter sinn a Buchform erauskomm mam Titel Lëtzebuergesch Sproocherubriken zu Esch-Uelzecht, Schortgen, 2013, 240 S.(ISBN 978-2-87953-174-8).

Recherche[änneren | Quelltext änneren]

  • "Du nouveau en linguistique luxembourgeoise", in: Luxemburger Wort. Die Warte vum 16/01/2003;
  • "Lettre ouverte à la rédaction du journal La Voix et du Luxemburger Wort iwwer d'Grammaire de la langue luxembourgeoise vum MEN: 15/06/2005.
  • "Prosodie luxembourgeoise", in: Susanne Craemer / Enrica Yvonne Dilk / Heinz Sieburg / Ferdinand Stoll: Europäische Begegnungen. Beiträge zur Literaturwissenschaft, Sprache und Philosophie. Festschrift für Joseph Kohnen, Luxembourg, 2006, S. 509-522.

Orthographie[änneren | Quelltext änneren]

(no enger explizitter Bestellung vun der Kulturministesch) mat der effikasser Kollaboratioun vum Jérôme Lulling, docteur-ès-lettres: Introduction à l'orthographe luxembourgeoise, op Lëtzebuergesch: 149 S. an op Franséisch:158 S. Dësen Text kann ee sech gratis vum Site vum CPLL eroflueden.

Gesamtpresentatioun vum Lëtzebuergeschen[änneren | Quelltext änneren]

(mat Geschicht: 21-28; nei Grammatik: 41-210; Lexik 225-366; Bibliographie: 367-373): Parlons luxembourgeois. Langue et culture linguistique d'un petit pays au cœur de l'Europe. Collection Parlons. Paris, 2004, 376 S.

Dictionnairen[änneren | Quelltext änneren]

op d'Initiativ vum Coauteur Jérôme Lulling: Luxdico: dictionnaire bilingue. Lëtzebuergesch > Franséisch. Français > luxembourgeois. 48000 traductions. Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht, a Presses Universitaires de Namur, 2004 1. Oplo, 2005 2. Oplo, 303 S. an der 2. Oplo; 2009 3. Oplo (55.400 traductions, 386 S.) - Luxdico. Lëtzebuergesch > Däitsch. Deutsch > Luxemburgisch. 52.800 Iwwersetzungen. (2008, iwwersat vum Myriam Welschbillig). - Luxdico: dictionnaire bilingue: Lëtzebuergesch > Franséisch. Français > luxembourgeois, 3. Oplo als APP fir I-Phone / I-Pod. (2010: Schortgen an RTL).- Luxdico. Lëtzebuergesch > Englesch. English > Luxembourgish (2012, iwwersat vum Wendy Winn).

Grammaire mat Übungen[änneren | Quelltext änneren]

bei den Éditions Schortgen zu Esch-Uelzecht, mat der Kollaboratioun vun der Jacqui Zimmer, besonnesch fir d'Exercicen www.schortgen.lu (édition)

  • 1, 2, 3 Lëtzebuergesch Grammaire.
  • Volume 1: Le groupe verbal, 111 S.(Mee 2005)
  • Volume 2: Le groupe nominal (et les autres groupes), 151 S.(2006).
  • Volume 3: L'orthographe (avec index et bibliographie), 138 S.(2006).

Zweet nei Versioun an engem Band

  • Lëtzebuergesch Grammaire luxembourgeoise, 480 S.(2012)

Nei Exercicen

  • Jacqui Zimmer / François Schanen: ça veut dire quoi? Wéi heescht dat? Wat soll das bedeuten (5000 phrases pour apprendre le luxembourgeois) Éditions Schortgen,195 S. (2015) ISBN 978-99959-36-19-8

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Marc Thill: "Nachruf: Sprachwissenschaftler François Schanen gestorben." wort.lu [w+], 01.10.2023 // Luxemburger Wort, 2.10.2023, S.36.
  2. Monsieur François SCHANEN. https://www.sfmmm.net/+Archivéiert op 2023-10-17. Gekuckt de(n) 2.10.2023.