François Scheffer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De François Scheffer gebuer den 1. Juli 1766 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 9. September 1844, war 4 Jorzéngte laang Buergermeeschter vun der Stad. No him ass d'Scheffer-Allee um Lampertsbierg genannt.

De François Scheffer, Jong vun engem Stater Geschäftsmann, huet zu Bréissel Droit studéiert, huet nom Studium awer net als Affekot geschafft, mä am Buttek, deen e vu sengem Schwéierpapp iwwerholl huet. Do dernieft hat hien eng Hellewull Posten an Ämter doruechter:

Hie war an der Sebastianbrudderschaft, Leitnant bei der Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg, ënnert de Fransouse koum hien an de Gemengerot, an d'Hypothéiken- an an d'Zentralverwaltung vum Département des Forêts, gouf eng éischte Kéier 1800-1802 Buergermeeschter, dono Riichter um Handelsgeriicht, 1815 Bataillounschef vun der Biergergarde, 1816-1817 fir d'zweet Buergermeeschter, dunn huet en den Distriktscommissaire vertratt. 1820 bis 1822 war e fir d'drëtt Buergermeeschter, a fir d'véiert vun 1827 bis kuerz virun sengem Doud, 1844.


Virgänger:
Hermann Urbain
François Roeser
Antoine Pescatore
François Roeser
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
1800 - 1802
1816 - 1817
1820 - 1822
1827 - 1843
Nofolger:
Jean François Probst
Antoine Pescatore
Jean-François Doutreloux
Ferdinand Pescatore