François Schortgen

Vu Wikipedia
François Schortgen
De François Schortgen 2009
Gebuer 11. Oktober 1935
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 11. Juli 2015
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

De François Schortgen, gebuer den 11. Oktober 1935 zu Esch-Uelzecht[1] a gestuerwen den 11. Juli 2015 zu Esch-Uelzecht[2][3], war e lëtzebuergesche Moler.

Biographesches[änneren | Quelltext änneren]

De François Schortgen ass an enger Familljen opgewuess, déi sech méi schlecht wéi recht duerchgeschloen huet. De Papp huet op der ARBED geschafft an d'Famill huet tëscht 1936 an 1940 an enger Zweezëmmerwunneng gelieft.

Vun 1954 bis 1959 war hien an Nordamerika, wou hie fir d'éischt an Alaska an duerno an den Nordwestterritoiren gelieft huet. 1972 huet dem Kënschtler seng Famill e klengt koreanescht Meedchen, d'Kim, opgeholl, dat se kuez drop adoptéiert huet.

De François Schortgen huet zu Éilereng gewunnt, wou hien och säin Atelier hat.

Ausstellungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Seng éischt Eenzelausstellung hat de Schortgen an der "Galerie Lauriston" zu Paräis. Nodeem de Proprietär gestuerwen ass, waren dem Kënschtler seng Wierker fir ëmmer verluer.

  • 1967, Galerie Lauriston, Paräis
  • 1967, Librairie Diderich, Esch-Uelzecht
  • 1972, Galerie Ernest Horn, Lëtzebuerg
  • 1974, Galerie Ernest Horn, Lëtzebuerg
  • 1976, "Galerie d'art municipal de la Ville d'Esch-Alzette", Esch-Uelzecht
  • 1977, Galerie Vercamer, Paräis
  • 1977, Galerie Paul Brück, Lëtzebuerg
  • 1981, Galerie Krupp, Frankfurt am Main
  • 1981, Galerie Paul Brück, Lëtzebuerg
  • 1981, Galerie Musée Baik Sang, Seoul
  • 1982, Galerie Bredeneyer, Essen
  • 1983, Galerie vum Fluchhafen Orly, Paräis
  • 1983, Galerie de Luxembourg, Lëtzebuerg
  • 1985, "Galerie d'art municipal de la Ville d'Esch-Alzette", Esch-Uelzecht
  • 1987, Galerie de Luxembourg, Lëtzebuerg
  • 1989, Galerie in "C", Köln
  • 1989, Salle St-Georges, Léck
  • 1990, Galerie de Luxembourg, Lëtzebuerg
  • 1992, Galerie Valentin, Eupen
  • 1993, "Saarland-Haus", Bréissel
  • 1995, Galerie Simoncini, Lëtzebuerg
  • 1996, "Galerie d'art municipal de la Ville d'Esch-Alzette", Esch-Uelzecht
  • 1998, Centre culturel "Schungfabrik", Téiteng
  • 1999, Wolzer Schlass, Wolz
  • 2000, Escher Stadtheater
  • Mäerz 2009: Ausstellung, zesumme mam Jeannot Lunkes, Guy Michels a Pit Nicolas am Espace H2O zu Uewerkuer
  • Dezember 2011, Galerie Simoncini, Lëtzebuerg

...

  • 2013, Galerie Schlassgoart, Esch-Uelzecht
  • 2014/15, Gallerie Simoncini, Lëtzebuerg
  • 2015, Centre François Baclesse
  • 2017, Gallerie Simoncini, Lëtzebuerg (1. Dezember 2017 - 13. Januar 2018)

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zivilstand der Stadt Esch-Alzette vom Monat Oktober am Tageblatt vum 11. Nov. 1935
  2. François Besch: "François Schortgen: Seine allerletzte Reise." tageblatt.lu, 14. Juli 2015 09:19; Akt: 14.07.2015 09:30
  3. Doudesannnonce am Luxemburger Wort vum 16. Juli 2015
  4. Promotion générale dans les Ordres nationaux 2014 am Ministère de la Culture