Françoise Hetto

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Françoise Hetto-Gaasch)
Françoise Hetto
Gebuer 21. Mee 1960
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

D'Françoise Hetto, gebuer den 21. Mee 1960 zu Diddeleng, ass eng lëtzebuergesch CSV-Politikerin.

No hirer Lycéeszäit am Lycée Michel-Rodange huet si zu Walfer den Diplom als "Éducatrice graduée" gemaach. An deem Beruff huet si vun 1981 bis 1993 an der Fondation de Colnet d'Huart, vum Roude Kräiz, zu Bartreng geschafft.

Bekannt gouf d'Françoise Hetto als Animatrice op RTL Radio Lëtzebuerg, wou si vun 1992 bis 2004 reegelméisseg op der Antenn war.

Si gouf 2004 fir d'éischt als Deputéiert aus dem Walbezierk Osten an d'Chamber gewielt wuer se 2009, 2013 an 2018[1] erëmgewielt gouf. Si blouf Deputéiert bis den 31. Dezember 2021 an huet hiert Mandat un de Max Hengel weider ginn.[2]

2009 bis 2013 huet si op hiert Deputéiertemandat verzicht, fir an der Regierung Juncker-Asselborn II Ministesch fir de Mëttelstand, Tourismus a Chancëgläichheet ze ginn.

1999 war d'Françoise Hetto fir d'éischt an de Gemengerot vu Jonglënster gewielt ginn. Bei de Walen 2004 war si Beschtgewielt op der CSV-Lëscht, hat awer dem Denis Dimmer fir dräi Joer de Virtrëtt op der Buergemeeschteschplaz gelooss. Am September 2007 gouf si Buergermeeschtesch, a blouf dat bis am Juli 2009.

Si war vu Februar 2014[3] bis Januar 2019[4] Ko-Vizepresidentin vun der CSV.

D'Françoise Hetto-Gaasch ass bestuet an huet zwee Kanner.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Françoise Hetto – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. elections.lu.
  2. Françoise Hetto-Gaasch tritt als Abgeordnete zurück, wort.lu, 7. september 2021
  3. "CSV-Nationalkongress: Spautz neie Parteipresident, Zeimet bleift Generalsekretär." rtl.lu, 08.02.2014, 14:41:16.
  4. "De Frank Engel mat 54% neie Parteipresident." rtl.lu, 26.01.2019.
  5. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/