Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Françoise huet an den USA op der Davis Universitéit studéiert, eng vun de bescht bekanntsten amerikaneschen Universitéiten, wat d'Wäiwëssenschaften ugeet.
Duerno huet d'Françoise hire Stage um Château Haut-Brion bei Bordeaux gemaach an nach Coursen um oenologeschen Institut zu Talence suivéiert. Do huet si, wéi se behaapt, méi geléiert, wéi an hirer véierjähreger Universitéitszäit an Amerika.
Zeréck an Amerika, huet se siwe Joer an den Napa Valley's Stag's Leap Wine Cellars geschafft.
1993 huet s'ëmgesuedelt a gouf Assistentin vum Wäimeeschter um Araujo-Wäigutt a Kalifornien.
1996, nodeem de fréiere Wäimeeschter Tony Soter sech offiziell zeréckgezunn huet, mä als Beroder aktiv blouf, ass d'Françoise dunn um Araujo-Gutt Wäimeeschter ginn. D'Araujo-Wäigutt ass eent vun de féierenden Haiser a Kalifornien a gëtt vum grousse Wäinexpert Robert Parker mat 90 Punkte vun 100 bewäert.
D'Françoise produzéiert, zesumme mat enger Frëndin, der Lisa Drinkword, en eegene Wäin, deen deenen zwee hiren Numm dréit, den Drinkward Peschon Entre Deux Mères Cabernet Sauvignon.