Francesco Albani

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déi helleg Famill (1630/1635), Galleria Palatina (Palazzo Pitti), Florenz

De Francesco Albani, gebuer de 17. August 1578 zu Bologna an och do de 4. Oktober 1660 gestuerwen, war en italienesche Moler vun der Schoul vu Bologna.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Gebuer als zweete Jong vum Agostino, engem Seidenhändler, an der Elisabetta Torri, sollt hie spéider sengem Papp säi Beruff iwwerhuelen. Nom Doud vu sengem Papp 1590 ass hien awer fir d'éischt bei de flämesche Moler Denys Calvaert an d'Léier gaangen (wéi och de Guido Reni) an huet sech duerno an déi renomméiert Carracci-Academie agedroen. 1601 ass hien op Roum geplënnert fir do u Fresken ze schaffen, ufanks als Assistent vum Annibale Carracci. Net laang duerno huet hien awer schonn eegen Opträg kritt.

A spéidere Joren huet sech tëscht dem Fancesco Albani an dem méi erfollegräiche Guido Reni eng Aart Rivalitéit entwéckelt. Den Albani selwer huet eng Academie fir Moler zu Roum opgemaach. Hei huet en no dem Design vum Annibale Carracci d'Fresken an der San Diego Kapell an der Kierch San Giacomo degli Spagnoli gemoolt. Weider Aarbechte vun him sinn z. B. an der Kierch San Maria della Pace (Altorbiller) an am Palazzo Verospi (Fresken), dee mëttlerweil "Torlonia" heescht, ze gesinn.

Den 1. Juni 1614 gëtt säi Meedchen Elisabetta gebuer, mä seng Fra Anna Rusconi stierft 20 Deeg drop wéinst Complicatioune bei der Gebuert. Zu där Zäit war den Albani un der réimescher Academie vu San Luca ageschriwwen. 1617 ass hien aus familiaire Grënn zréck op Bologna gaangen, wou hien ee vun de féierende Moler a Léiermeeschtere ginn ass. Zu senge Schüler hunn och den Giovanni Battista Mola, de Pierfrancesco Mola, de Carlo Cignani an den Andrea Sacchi gehéiert.

"Verkënnegung" (ëm 1645), Ermitage-Musée zu Sankt Petersburg

Seng Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Den Albani huet a sengen Aarbechten haaptsächlech Zeenen aus der réimescher Mythologie an Duerstellunge vu chrëschtlechen Engelen an Hellege gemoolt. Déi sëlleche Wierker déi hie geschaf huet sinn a verschiddene Kierchen an Italien ze fannen a seng Biller hänken a ville Muséeën a Galerien an Europa. Hei eng Auswiel:

  • "Den Apollo an d'Daphne", ëm 1615/1620, Louvre, Paräis
  • "Fréijoer", "Summer", "Hierscht", "Wanter", 1616-1617, Galleria Borghese, Roum
  • "D'Diana an de Aktaion", ëm 1617, Louvre, Paräis
  • "Noli me tangere", 1620/1625, Louvre, Paräis
  • "Den Adonis gëtt vun den Amore bei d'Venus gefouert", 1621-1633, Louvre, Paräis
  • "La Toilette de Vénus", 1621-1633, Louvre, Paräis
  • "La Déploration du Christ", 1621-1633, Louvre, Paräis
  • "Den hellege Franz vun Assisi am Gebiet", 1630-1650, Louvre, Paräis
  • "D'Salmakis an den Hermaphroditos", 1630-1640, Louvre, Paräis
  • "Venus mat Nymphen a Cupidoen", 1633, Museo del Prado, Madrid
  • "D'Galatea am Muschelwon", 1635, Gemäldegalerie Alte Meister, Dresden
  • "D'Diana an den Aktaion mat 9 Nymphen", 1639, Gemäldegalerie Alte Meister, Dresden
  • "D'Diana an den Aktaion", ëm 1640, Louvre, Paräis
  • "D'Venus an de Vulkan", 1640/1650, Gemäldegalerie Alte Meister, Dresden

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Francesco Albani – Biller, Videoen oder Audiodateien