Francesco Carlini

Vu Wikipedia
Francesco Carlini
Gebuer 7. Januar 1783
Mailand
Gestuerwen 29. August 1862
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Geodet
Member vun Royal Society, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia Nazionale delle Scienze, Accademia delle Scienze di Torino

De Francesco Carlini, gebuer de 7. Januar 1783 zu Mailand a gestuerwen den 29. August 1862 och do, war en italieeneschen Astronom a Geodet.

De Carlini gouf 1832 Direkter vum Brera-Observatoire zu Mailand. Hie gouf an engem grousse Fachkrees duerch seng Sonnentafele bekannt, déi hien ënner dem Titel Nuove tavole de moti apparenti del sole 1832 erausginn hat. Schonn 1810 hat hien Esposizione di un nuovo metodo di construire le taole astronomiche applicato alle tavole del sole publizéiert.

Zesumme mam Giovanni Antonio Amedeo Plana (17811864) hat hie bei der éisträichesch-italieenescher Gradmiessung matgeschafft. Bei dëser Geleeënheet hat hien och d'spezifescht Gewiicht vun der Äerd bestëmmt. Hien hat dofir regional Schwankunge vum Schwéierfeld südlech vun den Alpe benotzt.

De Moundkrater Carlini ass no him genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]