Francis William Aston

Vu Wikipedia
Francis William Aston
Gebuer 1. September 1877
Birmingham
Gestuerwen 20. November 1945
Cambridge
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universitéit vu Birmingham,
Trinity College,
Universitéit vu London
Aktivitéit Physiker, Chimist
Member vun Royal Society, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften


De Francis William Aston, gebuer den 1. September 1877 zu Birmingham a gestuerwen den 20. November 1945 zu Cambridge, war e brittesche Physiker a Cheemiker.

Hie war Physiksprofesser zu Cambridge. Tëscht 1919 an 1920 huet den Aston den éischte performante Massespektrometer gebaut (den éischte war vu sengem Tuteur dem Joseph John Thomson gebaut ginn). Mat sengem Instrument konnt hien noweisen, datt d'Isotopie (gouf bei radioaktiven Elementer vum Frederick Soddy nogewisen) och all aner Elementer betrëfft.

Fir déi Aarbechte krut hien 1922 den Nobelpräis an der Chimie.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Francis Aston war dat drëtt Kand vum William Aston a Fanny Charlotte Hollis. Hien ass als éischt an d'Harborne Vicarage School gaangen an duerno an de Malvern College zu Worcestershire. 1893 huet de Francis William Aston säi Studium am Mason College (herno een Deel vun der University of Birmingham) ugefaangen, wou hie Physik beim John Henry Poynting a Chimie beim Frankland an Tilden studéiert huet. 1896 huet hien zousätzlech Fuerschung an der Organescher Chimie a sengem private Laboratoire gemaach.

Hie war sportlech an huet Cross-country, Schwammen, Tennis, Vëlo a Klamme bedriwwen. Hien ass donieft Autoscoursse matgefuer an huet Musek gespillt. Den Aston war och nach Fotograf an huet sech fir d'Astronomie intresséiert. Hie war bei follgenden Expeditiounen derbäi: Benkoeben 1925, Sumatra 1932, Memphri, Canada, 1936 a Kamishri a Japan.

Wëssenschaftlech Aarbecht[änneren | Quelltext änneren]

Mëtt vun den 1890er Joren huet den Aston sech mat X-Stralung a Radioaktivitéit beschäftegt. Den Aston huet déi Stralung duerch en Tüb mat Gas observéiert. Hien huet dobäi dee spéider no him genannten Aston Dark Space beschriwwen.

Tëscht 1919 an 1920 huet den Aston den éischte performante Massespektrometer gebaut. Hie konnt sou 212 Isotopen identifizéieren.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Francis William Aston (1907). "Experiments on a New Cathode Dark Space in Helium and Hydrogen". Proceedings of the Royal Society of London. Series A 80 (535): 45–49. DOI:10.1098/rspa.1907.0072. JSTOR 92589.
  • Francis William Aston (1907). "Experiments on the Length of the Cathode Dark Space with Varying Current Densities and Pressures in Different Gases". Proceedings of the Royal Society of London. Series 79 (528): 80–95. DOI:10.1098/rspa.1907.0016. JSTOR 92573.
  • Francis William Aston (1911). "The Distribution of Electric Force in the Crookes Dark Space". Proceedings of the Royal Society of London. Series A 84 (573): 526–535. DOI:10.1098/rspa.1911.0005. JSTOR 93257.
  • Aston, Francis William (1922). Isotopes. London: E. Arnold. p. 152.
  • Aston, Francis William (1933). Mass-Spectra and Isotopes. London: Edward Arnold.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]