Francis Baily

Vu Wikipedia
Francis Baily
Gebuer 28. Abrëll 1774
Newbury
Gestuerwen 30. August 1844
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Astronom, Schrëftsteller
Member vun Royal Society, American Academy of Arts and Sciences, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia delle Scienze di Torino, Royal Astronomical Society

De Francis Baily, gebuer den 28. Abrëll 1774 zu Newbury, Berkshire a gestuerwen den 30. August 1844 zu London war en engleschen Astronom. Hien hue sech besonnesch mat Stärekataloge beschäftegt a vill Aarbechten dozou erausginn.

Hien huet och de Phenomeen vun de Baily Pärelen (engl.: Bailys Beads oder "Pärelschnouerphenomeen") beschriwwen a war President vun der Royal Astronomical Society.

Liewen a Wierken[änneren | Quelltext änneren]

De Baily huet ufanks eng geschäftlech Lafbunn ageschloen. No senger Ausbildung huet hien 1796/97 déi nach onbesidelt Gebidder vun Nordamerika besicht.

No senger Heemrees war hie, vu 1799 un, bei der Londoner Bourse (London Stock Exchange) aktiv. An de Joren 1802 bis 1810 huet hien en ettlech Publikatiounen iwwer Pachtverträg, Renten a Versécherunge verfaasst, déi him e grousse Prestige an e geséchert Akommes verschaaft hunn. 1825 huet hie sech aus dem Finanzwiesen zeréckgezu fir sech ganz mat Astronomie ze beschäftegen.

De Baily hat schonn 1820 bei der Grënnung vun der Royal Astronomical Society entscheedend matgewierkt. 1827 krut hien d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society fir seng Mataarbecht bei der Editioun vun engem Katalog mat 2881 Stären (Catalogue of 2881 Stars).

Op seng Initiativ geet d'Iwwerschaffe vum Nautical Almanac am Joer 1829 zeréck. 1837 huet hien d'Iwwerschaffen an d'Zesummefaasse vun de Stärekataloge vum Jérôme Lalande a vum Nicolas-Louis de Lacaille ugereegt, déi zesumme 57.000 Stären agedroen haten.

Et entstoung de British Association's Catalogue of 8377 Stars, deen 1845 publizéiert gouf. Doriwwer eraus huet hien déi eelst Katalogen an Opzeechnunge vum Ptolemäus, Ulugh Beg, Tobias Mayer, Tycho Brahe, Edmond Halley an Hevelius iwwerschafft.

Wärend der Sonnendäischtert vum 15. Mee 1836 huet hie vu Roxburghshire aus e Phenomeen observéiert, deen haut als "Baily Pärelen" oder Pärelschnouerphenomeen bezeechent gëtt. Seng Beschreiwung doriwwer war den Ausléiser vun der Ausbreedung vun „Sonnendäischtertexpeditiounen“ duerch d'ganz Welt. De Baily selwer huet nach déi total Sonnendäischtert vum 8. Juli 1842 vu Pavia aus observéiert.

Hien huet dem Henry Foster säi Pendel-Experiment fir d'Bestëmmung vun der Äerdofplattung fäerdeggemaach, déi hien op 1/289,48 bestëmmt hat. Seng Aarbechten iwwer d'Bestëmmung vun der mëttlerer Dicht vun der Äerd no der Method vum Henry Cavendish haten e Wäert vu 5,66 g/cm³ erginn.

Fir seng Aarbechte krut de Baily 1827 an 1843 eng Goldmedail vun der Royal Astronomical Society.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]