Frank Capra

Vu Wikipedia
Frank Capra
Gebuertsnumm Francesco Rosario Capra
Gebuer 18. Mee 1897
Bisacquino
Gestuerwen 3. September 1991
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Kinnekräich Italien, Italien, USA
Educatioun California Institute of Technology
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Banjospiller, Gewerkschaftler, Regisseur
Partei Republikanesch Partei
Famill
Kanner Frank Capra Jr.
De Frank Capra um Schneidpult, ëm 1943.

De Frank Capra, gebuer als Francesco Rosario Capra den 18. Mee 1897 zu Bisacquino op Sizilien a gestuerwen den 3. September 1991 zu La Quinta, Kalifornien, war en US-amerikanesche Filmregisseur.

De klenge Francesco ass mat 5 Joer mat senger Famill an Amerika emigréiert, wou en zu Los Angeles opgewuess ass. 1918 huet hien en Diplom als Chimieingenieur gemaach. Nom Krich huet hie sech mat Geleeënheetsaarbechten duerchgeschloen a war ë. a. Ressender fir Fotomaterial. 1922 gouf hien, op eng Annonce hin, als Regisseur fir ee Stommfilm engagéiert, an huet, och nodeem déi Produktiounsfirma faillite goung, weider fir de Film geschafft; 1925 koum e bei d'Equipe vun Dréibuchauteuren vum Hal Roach a gouf Gag-Auteur vum Harry Langdon, deen doduerch grousse Succès krut. 1928 goung e bei ee vun de Poverty-Row-Studioen, aus deem spéider Columbia Pictures gouf a fir déi e bis 1939 geschafft huet an déi duerch de Succès vu senge Filmer zum Duerchbroch koum. Am Abrëll 1945 huet de Capra zesumme mam William Wyler a mam George Stevens seng eege Filmproduktionsfirma Liberty Films gegrënnt. Ufanks vun den 1960er Joren huet hie sech aus dem Filmgeschäft zeréckgezunn.

De Capra hat besonnesch an den 1930er an 1940er Jore grousse Succès mat Comédieën, an deenen e "klenge Mann" sech an der Gesellschaft duerchgesat huet (z. B. Mr Smith Goes to Washington, Meet John Doe). Hie krut 1934, 1936 an 1938 fir It happened one Night, Mr. Deeds goes to town an You can't Take It with You den Oscar fir déi bescht Regie, a fir de leschtegenannten als Produzent och dee fir de beschte Film.

Am Zweete Weltkrich huet hie vun 1942 bis 1945 fir d'US Army d'Serie vu Propaganda-Documetnairë Why We Fight gedréint.

Zu senge bekanntste Filmer zielen d'Fantasymelodram It's a Wonderful Life mam James Stewart an Arseic and Old Lace mam Cary Grant.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1938: You can't Take It with You
  • 1939: Mr. Smith Goes to Washington
  • 1941: Meet John Doe
  • 1942: Prelude to War
  • 1943: The Nazis Strike (Dokumentarfilm)
  • 1943: The Battle of Britain, Dokumentarfilm)
  • 1943: Divide and Conquer
  • 1943: The Battle of Russia (Dokumentarfilm)
  • 1944: The Battle of China, Dokumentarfilm)
  • 1944: Tunisian Victory (Dokumentarfilm)
  • 1944: Arsenic and Old Lace
  • 1945: Your Job in Germany (Kuerzfilm, Dokumentarfilm)
  • 1945: Know Your Enemy - Japan (Dokumentarfilm)
  • 1945: Here Is Germany (Dokumentarfilm)
  • 1945: Two Down and One to Go (Kuerzfilm, Dokumentarfilm)
  • 1945: War Comes to America (Dokumentarfilm)
  • 1946: It's a Wonderful Life
  • 1948: State of the Union
  • 1950: Riding High
  • 1951: Here Comes the Groom
  • 1956: Our Mr. Sun (Telefilm)
  • 1957: Hemo the Magnificent (Telefilm)
  • 1957: The Strange Case of the Cosmic Rays (Telefilm)
  • 1959: A Hole in the Head
  • 1961: Pocketful of Miracles
  • 1964: Rendezvous in Space (Kuerzfilm, Dokumentarfilm)

Autobiographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Frank Capra: The Name Above the Title. (Däitsch: Autobiografie. Diogenes, Zürich 1992, ISBN 3-257-01938-6).

Literatur (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Victor Scherle, William Turner Levy: The Complete Films of Frank Capra. Citadel Press, New York und Secaucus 1992, ISBN 0-8065-1296-2.
  • Jeanine Basinger (Ed.): The It's a Wonderful Life Book. Alfred A. Knopf, New York 1994, ISBN 0-394-74719-4.
  • Robert Sklar, Vito Zagarrio, Thomas Schatz: Frank Capra. Autorship and the Studio System. Temple University Press, Philadelphia 1998, ISBN 1-56639-608-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Frank Capra – Biller, Videoen oder Audiodateien