Frank Engel (Politiker)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Frank Engel. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Frank Engel.
Frank Engel
Gebuer 10. Mee 1975
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV, Fokus

De Frank Engel, gebuer den 10. Mee 1975, ass e lëtzebuergesche Jurist a Politiker. Vun 2009 bis 2019 war hien ee vun de 6 lëtzebuergeschen Deputéierten am Europaparlament[1]. Vu Januar 2019 bis Mäerz 2021 war hie Parteipresident vun der CSV. Den 23. Abrëll 2021 huet hie säin Austrëtt aus der CSV bekanntgemaach,[2] a gouf am Februar 2022 Spriecher vun der neier Partei Fokus, déi hie matgegrënnt huet.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Studium zu Bréissel an zu Metz an engem Ofschloss am Droit ass hien 1999 Assistent am Europaparlament fir de Jacques Santer ginn. Virdrun huet de Frank Engel CODEX op d'Bee gestallt, déi eenzeg juristesch Publikatiounen zu Lëtzebuerg[3].

Schonn a senger Jugend huet de Frank Engel sech fir Politik intresséiert a sech dofir agesat, dëst bei der CSJ, respektiv war hie President vun United Students for Europe (Fédération européenne des étudiants démocrates chrétiens) a Vizepresident vun de European Democrat Students (d'Studentevereenegung vun der Europäescher Vollekspartei)[4]. Vun 2001 u war hien 8 Joer laang Generalsekretär vun der CSV-Fraktioun. Hien ass oder war och aktiv am Cercle Joseph Bech.

Vun 2004 bis 2019 war hien am Verwaltungsrot vun der Global Strategies Group Holding SA.[5]

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Hie gouf bei den Europawalen 2009 als Jéngste vun de lëtzebuergeschen Europadeputéierten an d'Europäescht Parlament gewielt. Do war hie Member vun der Fraktioun vun der Europäesch Vollekspartei a Chef vun der lëtzebuergescher Delegatioun bei der EVP[6].

Bei den Europawalen 2014 gouf hien als Drëtten op ee vun den dräi Sëtz, déi seng Partei gewonnen huet, erëmgewielt.[7] 2019 huet hien net méi kandidéiert.

De 26. Januar 2019 gouf de Frank Engel um Nationalkongress zu Mutfert zum neie President vun der CSV gewielt.[8] Den 19. Mäerz 2021 ass hie vun deem Posten zeréckgetrueden,[9] an den 23. Abrëll 2021 huet hien och säin Austrëtt aus der CSV bekannt ginn.[2]

Den 21. Februar 2022 huet hie mat Anere seng nei Partei virgestallt, Fokus.

Dës krut bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 am ganzen 93.839 Stëmmen (landeswäit 2,49 % vun alle Stëmmen),[10] wat net duer goung fir e Sëtz an der Chamber. De Frank Engel sot doropshin, dat Resultat wier eng "total Katastoph" an huet säi Réckzuch vun der politescher Bün ugekënnegt.[11]

Um Parteikongress, den 18. November 2023, gouf de Franck Engel awer als Parteispriecher confirméiert.[12][13]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Am Kontext vun der wirtschaftlecher Kris an Europa zanter 2007/2008 an dem Vertrauensverloscht vun de Bierger an d'EU, deen doraus ervirgaangen ass, huet de Frank Engel Iddien an Analysen ausgeschafft, déi an dräi Bicher nozeliese sinn:

  • Europa in der großen Krise - Ein Drama in drei Akten (2009)[14]
  • Die Schulden überwinden - Ein Haushalt für den Euro (2012)[15]
  • Projet de Manifeste pour les États-Unis d'Europe (2013)[16]

Zanter 2006 ass de Frank Engel Honorarkonsul vun Armenien zu Lëtzebuerg an huet ee Kapitel zum Konflikt ronderëm Biergkarabach am Buch Europe's Next Avoidable War: Nagorno-Karabakh verfaasst[17].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Frank Engel (politician) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Frank Engel" Europaparlament
  2. 2,0 2,1 "CSV: Frank Engel huet Partei offiziell matgedeelt, datt hien net méi Member ass." rtl.lu, 23.04.2021 11:18.
  3. "Frank Engel MEP" Parliamentarians Network for Conflict Prevention
  4. "EDS" EDSNET.org
  5. "Frank Engel va démissionner de Global Strategies." paperjam.lu, 1. Februar 2019 16:14.
  6. "Frank Engel" Groupe PPE au Parlement européen
  7. "Européennes 2014: Résultats officieux" op elections.lu.
  8. "De Frank Engel mat 54% neie Parteipresident." rtl.lu, 26.01.2019.
  9. "Frank Engel tritt zurück - nun droht ihm juristischer Ärger." wort.lu, 19.03.2021.
  10. elections.public.lu
  11. Marc Schlammes: "Fokus: kein elektorales Wunder." wort.lu, 8.10.2023.
  12. Kongress vu Fokus, Marc Ruppert gouf als President confirméiert. rtl.lu (18.11.2023). Gekuckt de(n) 18.11.2023.
  13. Fokus-Nationalkongress, Frank Engel: „Wir bleiben am Ball“. wort.lu [€] (18.11.2023). Gekuckt de(n) 18.11.2023.
  14. "Die Schulden überwinden - Ein Haushalt für den Euro" Internetsäit vum Frank Engel
  15. "Europa in der großen Krise" Internetsäit vum Frank Engel
  16. "Projet de Manifeste pour les Etats-Unis d'Europe" Internetsäit vum Frank Engel
  17. "Europe's Next Avoidable War: Nagorno-Karabakh" Amazon.com