Frank Gehry

Vu Wikipedia
Frank Gehry
Gebuertsnumm Frank (Ephraim) Owen Goldberg
Pseudonym Gehry, Frank Owen
Gebuer 28. Februar 1929
Toronto
Nationalitéit USA, Kanada
Educatioun Universitéit vu Südkalifornien,
Harvard Universitéit
Aktivitéit Architekt
Member vun Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, American Academy of Arts and Letters, Royal Academy, American Academy of Arts and Sciences

De Frank Owen Gehry, gebuer den 28. Februar 1929 zu Toronto, Ontario als Ephraim Goldberg, ass e kanadesch-US-amerikaneschen Architekt an Designer, deen zanter 1947 a Kalifornien lieft. HIen ass bekannt fir seng Entwërf am Stil vun der dekonstruktivistescher Architektur an zielt zu deene bekanntsten amerikaneschen Architekten.

De Gehry ass de Jong vun den Nokomme vu jiddeschen Emigranten aus Polen. Schonn als Kand huet hie mat Material aus sengem Bop senger Quincaillerie Stied an Haiser zesummegebastelt, Hien huet op der USC zu Los Angeles bis 1954 Architektur studiéiert. Duerno huet en op der Harvard Graduate School of Design en Zweetstudium an Urbanismus gemaach. Zanter 1962 huet de Gehry säin eegenen Architektebüro zu Los Angeles ënner dem Numm Gehry Partners, LLP.

Um Ufank vu senger Carrière huet de Gehry nach konventionell gebaut. Eréischt géint der Enn vun den 1970er Joren huet e seng architektonesch Formesprooch verännert, andeems e méi "schappech" Materialie wéi Wellblech odeer Sperrholz mat verschafft huet (beim Miwweldesign alt emol Wellkartong). Charakteristesch fir säi Baustil sinn zanterhier eng gebrache Geometrie, Linnen, däi ausernee lafen, Formen, déi op d'Kopp gestallt goufen, an, wat typesch ass fir den dekonstruktivistesche Stil, de Fait, datt Deeler vun de Gebaier wéi bei engem Collage zesummegeprafft goufen.

1989 krut hien de Pritzker-Präis.

Gebaier vun him[änneren | Quelltext änneren]

Neuer Zollhof am Düsseldorfer Medienhafen
Stata Center, Cambridge, Massachusetts, USA
Guggenheim-Musée zu Bilbao
Haus dat danzt zu Prag
Gehry-Tower zu Hannover

Zu senge bekanntste Gebaier zielen

Literatur (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Mathewson, Casey: Frank O. Gehry: 1969 – heute. Feierabend Verlag, Berlin 2006, 600 S., 700 farbige Abb., ISBN 3-89985-270-2.
  • Ragheb, J. Fiona u. a.: Frank Gehry. Architect. Hatje Cantz Verlag, Ostfildern 2001, 392 S., 408 Abb., ISBN 3-7757-1048-5. (englisch)
  • Bruggen, Coosje van: Frank O. Gehry. Guggenheim Museum Bilbao. Hatje Cantz Verlag, Ostfildern 1997, ISBN 3-7757-0722-0.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Frank Gehry – Biller, Videoen oder Audiodateien