Frank Vandenbroucke
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Frank Vandenbroucke, gebuer de 6. November 1974 zu Mouscron a gestuerwen den 12. Oktober 2009 zu Saly (Senegal), war e belsche professionelle Vëlossportler. Den Héichpunkt vu senger Carrière hat en déi zweet Hallschecht vun den 1990er Joren, wéi hien ë.a. Léck-Baaschtnech-Léck an den Tour de Luxembourg gewonnen huet.
Dono hat hien an Zesummenhang mat Doping, mat Problemer am Privatliewen, an hypothetesche Come-backe vu sech schwätze gedoen.
De Franck Vandenbroucke war de Bouf vum Jean-Jacques Vandenbroucke, de Schwoer vum Sébastien Six, Koseng vum Jean-Denis Vandenbroucke an Neveu vum Jean-Luc Vandenbrouck.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Frank Vandenbroucke (cyclist) – Biller, Videoen oder Audiodateien |