Frank Wilhelm

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
De Frank Wilhelm
De Frank Wilhelm

De Frank Wilhelm, gebuer den 11. September 1947 zu Iechternach ass e lëtzebuergeschen Auteur a Literaturkritiker.

No der Première am Iechternacher Kolléisch huet de Frank Wilhelm Franséisch op de Cours supérieurs zu Lëtzebuerg an op der deemoleger Sorbonne zu Paräis studéiert. Vun 1970 un huet hien zu Iechternach Franséischcourse ginn a vun 1994 un zu Dikrech. Zënter 1991 gëtt hien och Franséisch Literatur-Coursen am Centre universitaire, der haiteger Université du Luxembourg. Promovéiert huet hien 1992 Université Paris IV-Sorbonne mat enger Aarbecht iwwer La Francophonie du Grand-Duché de Luxembourg, déi eng Zort Viraarbecht fir den Dictionnaire de la francophonie war, an deem fir d'éischte Kéier biographesch Informatiounen mat Wierksbeschreiwungen iwwer déi franséischsproocheg Literatur zu Lëtzebuerg gesammelt sinn. Hie leet de Centre d’études et de recherches françaises et francophones en Littérature et Linguistique vun der Universitéit Lëtzebuerg.

Schwéierpunkter vun de literturwëssenschaftlechen Aktivitéite vum Frank Wilhelm sinn déi franséisch Romantik, d' Frankophonie, d' Komparatistik, d'Bild vum Groussherzogtum an der Literatur an de Victor Hugo.

A villen Aarbechte bënnt de Frank Wilhelm säi Fuerschungsinteressi an d'Beschreiwung vum lëtzebuergesch-franséische kulturellen Transfert vum 19. Joerhonnert bis haut. Op déi Manéier versteet hie sech selwer als Medium tëscht deenen zwou Kulturen.

Dat huet mat sech bruecht, datt hie lëtzebuergesche Korrespondent ass vun der Revue d’histoire littéraire de la France, der Francophonie vivante, L’Année francophone internationale, an de Cahiers francophones d’Europe centre-orientale.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Wierker

  • (mam Tony Bourg: Le Grand-Duché de Luxembourg dans les carnets de Victor Hugo, 1985
  • La Francophonie du Grand-Duché de Luxembourg in: Cahiers francophones d’Europe centre-orientale. Pécs (H), Wien, 1999.
  • Victor Hugo et l’Idée des États-Unis d’Europe. 2000.
  • Victor Hugo et le Grand-Duché de Luxembourg. Dessins et lavis, catalogue de l’exposition organisée au Musée national d’histoire et d’art du 30.11.2002 au 12.01.2003, 2002.
  • François Guillaume: Du Tour de Frantz au Tour de Gaul en passant par le Géant de Colombes. Les cyclistes luxembourgeois dans la Grande Boucle et dans la littérature francophone. À l’occasion du centenaire de l’épreuve, Dikrech, 2003, nei Oplo: 2006.

[Änneren] Literatur

  • Sheila Gaudon: Le Grand-Duché de Luxembourg dans les Carnets de Victor Hugo. Integral Editioun mat Umierkunge vum Tony Bourg a Frank Wilhelm ». In : Revue d'Histoire littéraire de la France, Paris, Mäerz-Abrëll 1988, S. 306-307.
  • Bernard Baritaud: Curiosités. Candide au Luxembourg, Rezensioun iwwer Félix Thyes, Marc Bruno. Profil d'artiste, nei erausgi vum F. W. In : Bulletin du C.R.A.M. [Centre de Réflexion sur les Auteurs méconnus), Paräis, November 1991, S. 7-10.
  • Daniel Durosay: Tony Bourg, 'Recherches et Conférences littéraires. Recueil de textes, erausgi vum par J.-C. Frisch, Cornel Meder, Jean-Claude Muller an F. W. ». In : Bulletin des Amis d'André Gide, vol. XXII, n° 103/4, Juli-Oktober 1994.
  • Nathalie Barbier: Le théâtre dans le théâtre. Le cinéma au cinéma. Textes réunis et présentés par Frank Wilhelm. Centre d’études et de recherches francophones du Centre universitaire de Luxembourg (Sesam Asbl), Lansman Éditeur, 1998. Ee Band, 21 x 11,5 258 S. ISBN 2-87282-211-9 ». In : Revue d’histoire littéraire de la France, September-Oktober 1999, n° 5, S. 1138.
  • Jacques Hillion: La littérature francophone du Luxembourg. Une belle méconnue Et geet üem d'Presentatioun vun de Cahiers francophones d’Europe centre-orientale, numéro hors série consacré par F. W. à La Francophonie du Grand-Duché de Luxembourg], Le Jeudi, 02.12.1999.
  • Laurent Bonzon: Roue libre. Le Grand-Duc et la petite reine, Rezensioun iwwer Fr. Guillaume, Du Tour de Frantz au Tour de Gaul en passant par le Géant de Colombes, In : Tageblatt. Livres, 20.06.03.
  • Jean Portante : Les portraits du ‘Jeudi’ : Frank Wilhelm, professeur-chercheur et observateur littéraire. Dr Wilhelm et Mr Guillaume. In : Le Jeudi, 09.03.2006.

Verschidden Texter huet hien ënnert dem Pseudonym François Guillaume geschriwwen.

De Frank Wilhelm ass zënter 1996 Vize-President vun der Association des amis de la maison de Victor Hugo à Vianden an huet grondleegend zu der moderner Muséographie vum renovéierten 'Musée littéraire Victor Hugo' zu Veianen bäigedroen.

[Änneren] Gielercher


[Änneren] Publikatiounen

  • Wilhelm, Frank. - Victor Hugo et le peintre Michel Sinner / Frank Wilhelm. - In: De Reider : Informatiounsblad vun der Gemeng Ettelbréck. - Ettelbrück. - Nr. 31 (Mee 2003), p. 28-37, ill.
  • Wilhelm, Frank: La fin de la Deuxième Guerre mondiale vue par des écrivains luxembourgeois francophones an Dekirch, p.241-280, ill.
  • Wilhelm, Frank: L’européanité en littérature, an récré. - Diekirch. - 22(2006), p. 178-187
Perséinlech Tools
Aner Sproochen