Frankie Hansen

Vu Wikipedia
Frankie Hansen
Gebuer 21. Mee 1922
Dikrech
Gestuerwen 25. Juni 1981
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

De François Léopold (Frankie) Hansen, gebuer den 21. Mee 1922 zu Dikrech a gestuerwen de 25. Juni 1981 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Resistenzler a Politiker (LSAP)[2].

Seng Jugend an de gréissten Deel vu sengem Liewen huet de Frankie Hansen zu Ettelbréck verbruecht[3].

De Resistenzler[änneren | Quelltext änneren]

De Frankie Hansen, deen no dem Gauleiter Simon senger Ukënnegung den 30. August 1942 vum Aféiere vun der obligatorescher Wierflicht fir Lëtzebuerger gestreikt an Ziedele vun der LVL verdeelt huet, ass den 1. September 1942 vun de Besatzer verhaft ginn. Hie koum an de Gronn an de Prisong an ass dunn an d'Villa Pauly bruecht ginn, wou hie brutal vun der Gestapo verhéiert gouf[4]. Duerno koum hien op Hinzert, a schliisslech – mat de Prisonge Köln-Klingelpütz a Berlin-Alexanderplatz als Tëschestatiounen – op Lublin (Polen) an d'SS-Sonderlager Dabrowiça[5]. Am August 1944 krut de Frankie Hansen vun engem SS-Obersturmführer e Certificat fir e kuerzen Urlaub zu Lëtzebuerg ausgestallt, mat dem Opdrag, deem senger Famill, déi zu Lëtzebuerg gelieft huet, e Bréif z'iwwerginn. De Frankie Hansen huet sech op villen Ëmweeër bis op Ettelbréck duerchgeschloen a sech bis zur Befreiung vu Lëtzebuerg duerch d'Amerikaner, den 10. September 1944, verstoppt[6].

No engem Intermezzo an der Veianer Miliz ass et dem Frankie Hansen am November 1944 gegléckt, als Auslänner an d'amerikanesch Arméi opgeholl ze ginn, wou hie bei déi 8. US Infantry Division koum, déi spéider an déi schwéier Kämpf am Hürtgenwald verwéckelt gouf[7].

Den 18. Februar 1945[8] huet de Frankie Hansen et fäerdeg bruecht, déi gréisstendeels nach erhale strateegesch wichteg Bréck iwwer d'Rur bei Lendersdorf (Düren) fir d'amerikanesch Arméi ze retten. D'Wehrmacht hat e puer Deeg virdrun de Barrage vu Schwammenauel gesprengt an d'Rur huet Héichwaasser gefouert. De Frankie Hansen ass duerch dat geféierlecht an äiskaalt Waasser bis bei d'Piliere vun der Bréck geschwommen an huet d'Kabele vun de Sprengchargen, duerchgeschnidden[9]. Domat war de Wee fir d'Amerikaner fräi, déi den 23. Februar 1945 Düren attackéiert a sech duerno weider duerch Däitschland duerchgekämpft hunn, bis op d'Elbe, wou se mat der Rouder Arméi zesummegetraff sinn.

Fir säi couragéierten Asaz op der Rur ass de Frankie Hansen am Februar 1947 vun den Amerikaner mat der Silver Star Medal ausgezeechent ginn, déi hien den 3. Mee 1947 an der amerikanescher Botschaft iwwerreecht krut[10]. Hie war den éischten Europäer deen dës Auszeechnung krut[11]. 1949 huet hien och nach d'Victory Medal kritt[12]. Weider amerikanesch Medailen, déi hie krut, waren: Purple Heart, Good Conduct Medal, European–African–Middle Eastern Campaign Medal, Army of Occupation Medal[13].

De Politiker[änneren | Quelltext änneren]

De Frankie Hansen, dee vu Beruff Typograph war, a spéider Employé bei den Assurances sociales[14], huet sech scho fréi fir Politik intresséiert.

Vun 1951 bis 1979 war hien ouni Ënnerbriechung Member vum Gemengerot vun Ettelbréck. Hie war Schäffe vun 1963 bis 1979

Hie gouf de 7. Juni 1964 an d'Chamber gewielt a gouf 1968 an 1974 erëmgewielt. Bei de Wale vum 10. Juni 1979 huet d'LSAP am Bezierk Norden ee Sëtz verluer; de Vic Abens gouf gewielt an de Frankie Hansen den éischte Suppleant. Wéi de Vic Abens 1979 an d'Europaparlement gewielt gouf an am Dezember 1979 säi Mandat an der Chamber opginn huet, ass de Frankie Hansen an d'Chamber nogeréckelt, wou hie säi Mandat den 20. Januar 1981 ugetrueden huet. Hie blouf Deputéierte bis zu sengem Doud de 25. Juni 1981. A seng Plaz ass de Camille Weiler als Drëttklasséierten op der LSAP-Lëscht nogerutscht[15].

De Frankie Hansen war 7 Joer laang Member vum Europaparlament. Hie war och Member vum Conseil Benelux, vun der Assemblée parlementaire vum Europarot, vun der Assemblée vun der Union de l'Europe occidentale a vun der NATO.

De Frankie Hansen ass ee vun de Grënner vum Ettelbrécker Remembrance Day[16]. Den 22. September 2011 huet den deemolegen Ettelbrécker Gemengerot decidéiert, dem Gemengerot, deen no de Gemengewalen d'Soen hätt, ze recommandéieren, d'Sportshal an den Däichwisen den Numm Hall Omnisports « Frankie Hansen » ze ginn[17], wat dann och de 5. Dezember 2011 geschitt ass[18].

D'Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Frankie Hansen huet sech de 24. Dezember 1947 zu Ettelbréck mat der Elisabeth Geneviève (Betty) Hentges vu Wolz bestuet[19]. Si ass den 2. August 1926 zu Baaschtnech op d'Welt komm an den 11. Februar 2013 gestuerwen. D'Koppel hat zwee Kanner, e Fils, de Frank, 1948 an der Stad Lëtzebuerg gebuer, an eng Duechter, d'Sonia, 1950 zu Ettelbréck gebuer[20].

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Officier vum Ordre de la couronne de chêne
  • Officier du mérite polonais
  • Médaille d'honneur de l'étoile de la résistance franco-belge de la Croix de Guerre 1939-45
  • Silver Star
  • Victory Medal
  • Purple Heart
  • Good Conduct Medal
  • European–African–Middle Eastern Campaign Medal
  • Army of Occupation Medal

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bodry, A. & B. Fayot, 2016. 120 Jor sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber (1896 - 2016) : dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des députés. Luxembourg, La mémoire socialiste, 329 p. (Frankie Hansen: S. 95).
  • frankiehansen.org, 2018. Frankie Hansen (1922-1981), antifasciste légendaire, résistant, déporté, partisan, “silver star” américain. [Page mise à jour le 21 octobre 2018].
  • G.R.E.G., 2011. Odyssee des aus Ettelbrück stammenden Frankie Hansen. Groupe de recherches et d'études sur la guerre 1940-1945, Bulletin G.R.E.G. 2011-1, S. 12-24. [4]
  • G.R.E.G., 2018. Kriegserlebnisse von Frankie Hansen. Groupe de recherches et d'études sur la guerre 1940-1945, Bulletin G.R.E.G. 2018, édition spéciale, 82 S.
  • Hansen, F.,[21] 2015. Der Sturm auf Köln. Der Brückenkopf über die Roer. Vor 70 Jahren: Düren, im Februar 1945. Tageblatt 2015, Nr. 110 (12. Mai), S. 6-7.
  • De Reider, 1991. Erinnerung an Frankie Hansen. De Reider, Informatiounsblad vun der Gemeng Ettelbréck, Nr. 11, August 1991: 14.[5]
  • SIP, 1981. Hommage à la mémoire de feu Monsieur le Député Frankie Hansen. Service Information et Presse, Bulletin de documentation 3/81, Ministère d'État, Grand-Duché de Luxembourg, S. 9-10. [6]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Frankie Hansen an der Datebank vu www.deltgen.com. – Dem Frankie Hansen seng Mamm war d'Catherine Welter, déi de François Léopold am Alter vun 18 Joer zu Dikrech gebuer huet. D'Kand huet hiren Numm kritt. Wéi si sech den 30. Juni 1926 zu Ettelbréck mam Victor Hansen bestuet huet, huet deen de François unerkannt, sou datt dee vun do un offiziell François Léopold Hansen geheescht huet (Gebuertsregëster Dikrech 1922, Nr. 26, mention marginale).
  2. frankiehansen.org, G.R.E.G. 2011, 2018.
  3. SIP 1981.
  4. G.R.E.G. 2011, 2018.
  5. Hansen 2015, G.R.E.G. 2018.
  6. G.R.E.G. 2018, S. 25. – Et liest een awer och, de F. Hansen hätt bei der Attack vun der Rouder Arméi op Lublin aus dem Lager fortlafen a sech bis op Lëtzebuerg duerchschloe kënnen, wou hien Enn August 1944 ukomm wier (Hansen 2015). Enger anerer Versioun no, wier hie vun de Russe befreit ginn (Reider 1991, Bodry & Fayot 2016).
  7. G.R.E.G. 2018, S. 31ff.
  8. Hansen 2015, G.R.E.G. 2018, S. 49. – An engem Bericht, deen de Frankie Hansen selwer redigéiert huet, geet (iertëmlecherweis) vum 23. amplaz vum 18. Februar 1945 rieds (G.R.E.G. 2011, S. 18ss.; G.R.E.G. 2018, S. 36ss.).
  9. Hansen 2015, G.R.E.G. 2018. – An engem Noruff am “Lëtzeburger Land” vum 3. Juli 1981 heescht et iertemlecherweis, et wier d'Bréck vu Remagen gewiescht. [1]
  10. G.R.E.G. 2018, S. 49; Luxemburger Wort 1947-05-06, S. 3, Nr. 126 (Hohe amerikanische Auszeichnungen für Luxemburger).[2]
  11. Informatiounspanneau um Patton Square zu Ettelbréck
  12. Luxemburger Wort 1949, Nr. 250 (7. September), S. 4 (Auszeichnung)
  13. G.R.E.G.. 2018, S. 50.
  14. Bodry & Fayot 2016.
  15. Bodry & Fayot 2016, S. 95, 301, 318; SIP 1981.
  16. G.R.E.G. 2018, S. 53.
  17. G.R.E.G. 2018, S. 64, 74; Luxemburger Wort 2011-09-29, Sporthalle „Frankie Hansen”.
  18. G.R.E.G. 2018, S. 7; De Reider, Nr. 53 (mars 2012), S. 5 (Délibérations du conseil communal. Séance du 5 décembre 2011).
  19. Obermosel-Zeitung 1948-01-16, S. 6 (Zivilstand der Gemeinde Ettelbrück, Monat Dezember 1947).[3]
  20. Hentges Betty Geneviève an der Datebank vu www.deltgen.com; G.R.E.G. 2018, S. 75-76.
  21. Am Tageblatt 2015-05-20, S. 60, Nr. 116 (Präzision: Francis Hansen) ass ze liesen, datt den Auteur vum Artikel de Frank Hansen, dem Frankie Hansen säi Fils, ass, an net de John Breden, wéi dat iertemlecherweis den 12. Mee an der Autorenzeil am Tageblatt stoung.