Franséisch Iwwerséigebidder

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Déi franséisch Iwwerséigebidder sinn déi Territoire bausse vun Europa, déi vu Frankräich an der enger oder anerer Form regéiert oder verwalt ginn; am Wesentlechen handelt et sech ëm fréier franséisch Kolonien. Am Ganze liewen do ongeféier 2,5 Millioune Mënschen. Nëmmen déi frannséisch Süd- an Antarktikterritoiren a Franséisch-Polynesien hunn offiziell eege Fändelen, deen anere Gebidder hir Fändelen hu keen offiziellen Charakter.

Op Franséisch ginn d' Iwwerséigebidder formell als la France d'outre-mer bezeechent. Bis zur Verfassungsreform vum 23. Mäerz 2003 war déi offiziell Bezeechnung les DOM-TOM (Département d'outre-mer - Territoire d'outre-mer), eng Kennzeechnung, déi haut an der Ëmgangssprooch nach gebraucht gëtt. Déi franséisch Iwweséigebidder ginn a folgend Kategorien agedeelt:

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Départements a régions d'outre-mer (DOM-ROM)

D'Départements a Régions d'outre-mer hunn deselwechte Status wéi d'Regiounen an d'Departementer vum franséische Festland. D'Bierger si Fransousen, hunn d'Stëmmrecht bei der Presidentschaftswal a vollen Usproch op d'Leeschtunge vum Staat. Déi offiziell Währung ass den Euro. Dat ass am Artikel 73 vun der Konstitutioun vun der Fënnefter franséischer Republik festgeluecht.

Bei den DOM-ROM handelt es sich ëm:

[änneren] Collectivité d'outre-mer (COM)

D'Collectivités d'outre-mer hunn ënnerteneen deelweis e staark differenzéierte Charakter. Generell si se awer autonom. Déi franséisch Gesetzer sinn do net automatesch, mä eréischt no enger ausdrécklecher Decisioun gültig. Trotzdeem si se virun allem aussen- a verteidigungspolitesch ofhängeg vu Frankräich. D'Währung vu Fransésch-Polynesien an och Wallis a Futuna ass de CFP-Franc, déi vu den anere COM den Euro.

Bei de COM handelt et sech ëm::

[änneren] Neikaledonien

NC Armoires.gif Neikaledonien ( de:Neukaledonien, fr: Nouvelle-Calédonie) huet eng Sonnerregelung opgrond vun den  Artikele 76 a 77 vun der Konstitutioun, an ass eng Collectivité sui generis mat dem CFP-Franc als Währung.

[änneren] Terres australes et antarctiques françaises (TAAF)

Flag of the French Southern and Antarctic Lands.svg Déi franséisch Süd- an Antarktisgebidder hunn eng eege Verwaltung zu Saint-Pierre, op der Réunion. Rechtlich gesi sinn d'TAAF en Iwwerséigebitt mat besonneschem Status. Den Territoire begräift d'Inselen Amsterdam a Saint-Paul, d'Crozetinselen, d'Kerguelen, an um antarkteschen Kontinent, d'Adelieland.Déi meescht vun den Insele sinn net bewunnt. D'TAAF gehéieren net zur EU, den Euro ass awer déi offiziell Währung. [1]

[änneren] Clipperton-Insel

D'Clipperton Insel ass a franséische Staatseegentum. D'Insel ass net bewunnt.

[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen