Frantz Heldenstein

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Sculpteur François Heldenstein. Fir Persoune mam selwechten Numm, kuckt w.e.g. François Heldenstein.
Olympesch Reng
Konschtkompetitiounen
Sëlwer 1924 Skulptur

De Frantz oder François Heldenstein gebuer de 15. Mee 1892 zu Kolmer-Bierg a gestuerwen de 27. Mäerz 1975 zu Lëtzebuerg war e lëtzebuergesche Sculpteur an Bannenarchitekt.

Bei den VIII. Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis krut hie bei de Konschtkompetitioune fir seng Skulptur, Vers l'Olympiade, eng Sëlwermedail.

1920 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.

Hie war de Brudder vum Willy Heldenstein. Seng Eltere waren den Henri (Alphonse Victor) Heldenstein (*23.12.1856) an d'Helene Settegast, déi sech de 15. Juli 1889 an der Stad bestuet haten. Säi Grousspapp war den Apdikter a Moler François (Franz) Heldenstein.[1]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, S. 691-692.
    Escher Tageblatt 1918, Nr. 190 (9. Juli), S. 3 (Kunstverein: …Enkel von Papa Franz Heldenstein…). [1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]