Franz Fayot

Vu Wikipedia
Franz Fayot
Gebuer 28. Februar 1972
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei LSAP
Famill
Bestuet mat Kelsey Toedter
Papp Ben Fayot

De Franz Fayot, gebuer den 28. Februar 1972[1], ass e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker (LSAP).

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Nom Kolléisch (Classique, D-Sektioun), huet hie vun 1992 bis 1996 zu Paräis op der Sorbonne Droit studéiert an ass zanter 1997 Affekot um Barreau zu Lëtzebuerg. Hie war Associé am Affekotebüro Elvinger, Hoss & Prussen a gëtt zanter 2000 Coursen op der Uni Lëtzebuerg.[2]

Hien ass zanter 1994 Member vun der LSAP a Member vum Stater Gemengerot. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf hien an d'Chamber gewielt. Bei deene vum 14. Oktober 2018 ass hien de 6. Dezember fir den Etienne Schneider, dee Minister gouf, 'nogeréckelt'.[3]

Nom Récktrëtt vum Etienne Schneider aus der Regierung ass de Franz Fayot de 4. Februar 2020 zum neie Wirtschafts- a Kooperatiounsminister an der Regierung Bettel-Kersch-Bausch ernannt ginn.[4]

Hie gouf den 22. Januar 2019 um Parteikongress zu Käerjeng zum neie President vun der LSAP gewielt.[5] Wéi hien dat Joer drop Minister gouf, huet hien dat Amt opginn.

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf hien an d'Chamber gewielt.[6]

De Franz Fayot ass zanter 2001 Member vum Direktiounscomité vun den “Annales du droit luxembourgeois”, zanter 2007 Member vum Conseil d'administration vun der Fondation Robert Krieps an zanter 2011 vun deem vum Kasemattentheater.[2]

De Franz Fayot ass bestuet[7] a Papp vun dräi Kanner.[2] Hien ass de Jong vum Ben Fayot.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Franz Fayot – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche "Franz Fayot" op der Websäit vun der Chamber, chd.lu (gekuckt 2013-11-18).
  2. 2,0 2,1 2,2 "Iwwert mech" op franzfayot.lu.
  3. Actualité of chd.lu.
  4. "Vereedegung Pim Knaff an Cécile Hemmen an der Chamber." rtl.lu, 04.02.2020 16:01.
  5. "De Franz Fayot ass neien LSAP-President, Tom Jungen Generalsekretär ". rtl.lu, 23.01.2019, 08:25:03.
  6. elections.lu.
  7. Junges Eheglück, Wirtschaftsminister Franz Fayot hat „ja“ gesagt. wort.lu (23.5.2023). Gekuckt de(n) 24.5.2023., Franz Fayot hat „ja“ gesagt, Luxemburger Wort, 24.5.2023, S. 64