Franz Huberty

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Professer a Forstinspekter Franz Huberty. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. François Huberty.
Franz Huberty
Gebuer 9. Januar 1854
Mënjecker
Gestuerwen 23. September 1946
Gréiwemaacher
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fierschter, Enseignant

De Franz (François) Huberty, gebuer den 9. Januar 1854 zu Mënjecker a gestuerwen den 23. September 1946 zu Gréiwemaacher, war e lëtzebuergesche Professer, Forstinspekter a Vulleschützer.

Akerbauverwaltung an Akerbauschoul[änneren | Quelltext änneren]

De Franz Huberty huet zu Hohenheim (Stuttgart) a München studéiert. Am Abrëll 1884 kënnt hien als «Oberforstamtskandidat» («candidat forestier») an d'Akerbauverwaltung, déi hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg huet an zënter 1883 besteet.[1]

Den 1. Oktober 1888 gëtt hien «Chargé de cours et de conférences» an der Akerbauschoul vun Ettelbréck, de 5. Oktober 1889 Repetent, den 3. Oktober 1892 Professer 2. Klass, den 9. Mee 1895 Professer 1. Klass.[1]

Forstverwaltung[änneren | Quelltext änneren]

Den 18. Dezember 1897 trëtt den Huberty an d'Forstverwaltung an.[1] Do huet seng Carrière esou ausgesinn: «accessiste forestier» zu Ettelbréck, «garde général» zu Gréiwemaacher (am Juli 1899) a spéider Forstinspekter (ca 1912), och zu Gréiwemaacher, wou hien den 1. Januar 1923 als «inspecteur des Eaux et Forêts honoraire» an d'Pensioun geet.[2]

Veräiner[änneren | Quelltext änneren]

De Franz Huberty war Member vun der «Société de botanique» vun 1885 un, a Member vun der «Fauna» (Société des naturalistes luxembourgeois) vum Juli 1890 un. Hie war Grënnungsmember vum «Luxemburger Landes-Obstbauverein» («Association nationale d'arboriculture et d'horticulture») am Joer 1894. Hie war Joerzéngte laang Member vum Kommitee vun deem Veräin, zäitweis als Tresorier (September 1894 bis zum Januar 1906).[3]

De Franz Huberty ass 1935 an de Kommitee vun der Vulleschutzliga gewielt ginn an no de Neiwale vun 1938 gouf hie President vun der Liga. Am Februar 1940 ass hien an där Funktioun bestätegt ginn.[4] Wéi d'«Ligue luxembourgeoise pour la protection des oiseaux» am Abrëll 1941 vum preiseschen Okkupant ëmgedeeft an duerch de «Verband für Vogelschutz» ersat gouf, ass de Franz Huberty Leiter (d.h. President) vum gläichgeschalte Verband bliwwen, grad ewéi de Jean Morbach weiderhi Generalsekretär gespillt huet an nom Krich ugeklot ginn ass, mat den Nazië kollaboréiert ze hunn.[5]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Franz Huberty ass den Auteur vun engem «Traité théorique et pratique de la culture des prairies» (1885). Am Programm vun der Akerbauschoul huet hien dës Artikele publizéiert: « Die den Obstbäumen schädlichen Insekten» (1889), «Die Unkrautpflanzen» (1892), «Die Behandlung des Ciders wärend der Gärung und im Stich» (1894), «Der Schnitt des Fruchtholzes an den Spalierbäumen» (1894). Am Bulletin vun der «Fauna» huet hien zwéi kleng Bäiträg bruecht, en iwwer den «Apfelblütenstecher» (Anthonomus pomorum) (1892), deen aneren iwwer de «Schlangenadler» (Circaetus gallicus) (1893). Hien ass och den Auteur vun enger Rei vun Artikelen am « Luxemburger Obstbaufreund », dem Organ vum «Landes-Obstbauverein», dorënner en Artikel iwwer «Nutzen und Schutz der Singvögel» (1897).[6]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blum, M., 1902-1932. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. I: A-L, XXXIII-756 S.
  • Flies, J., 1970. Ettelbrück. Die Geschichte einer Landschaft. Impr. Saint-Paul, Luxembourg, 2274 S.
  • Gall, W. & H. Rinnen, 1970. 50 Jahre Luxemburger Landesverband für Vogelkunde und Vogelschutz. Regulus 10 (2-5), S. 36-67.
  • Luxemburger Wort 1946, Nr. 271/272 (28. September), S. 6 (Grevenmacher) [Noruff fir de Fr. Huberty]. [1]
  • Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302. Corrigenda et addenda, pp. 8, 166.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Flies 1970, S. 1506.
  2. Massard 2015, S. 8.
  3. Massard 2015, S. 7-8, 166.
  4. Gall & Rinnen 1970, S. 43-44.
  5. Massard 2015, S. 165-166.
  6. Blum 1902-1932 (I), S. 470-471. Massard 2015, S. 9.
  7. Doudesannanocne vum François Huberty am Escher Tageblatt vum 26. September 1946 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-06-22.