Franz Joseph Gall

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Franz Joseph Gall, gebuer den 9. Mäerz 1758 zu Tiefenbronn bei Pforzheim a Baden, a gestuerwen den 22. August 1828 zu Montrouge bei Paräis am Departement Hauts-de-Seine, war en däitschen Dokter an Neuroanatom.

De Franz Joseph Gall

De Gall hat Medezin zu Wien studéiert, wou hien och praktizéiert a Course gehalen huet. Hie war duerch seng Etüden dovun iwwerzeegt, datt d'Gehir de Sëtz vum Geescht wier, an datt d'Grouss-Gehir-Schuel net eenheetlech opgebaut wier. Ëm 1800 huet hien d'Cranioscopie entwéckelt opgrond vun där hien dovun ausgaangen ass, datt sech bestëmmte geeschteg Talenter duerch d' Analys vun der Kappfläch kéinte feststelle loossen. Säin Nofolger, de Johann Pfurzheim huet spéider déi Method Phrenologie genannt.

Mat senge materialisteschen Usiichten iwwer d'Denken huet en natierlech d'Kathoulesch Kierch géint sech opbruecht. 1805 huet de Gall Wien misse verloossen an ass op Paräis geplënnert. Mä och do war de Gall net grad wëllkomm, well hien net experimentell geschafft huet, konnt hie seng Kollegen net iwwerzeegen.

Méi beléift ware seng Theorien an England, wou déi bessergestallte Leit op eng Thes gewaart haten, déi hinne beleeë kéint, datt déi Ënnerdréckt an hire Kolonien "Ënnermënsche" wieren.

De Gall huet d'Fuesestruktur vum Gehir entdeckt.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • F. J. Gall, J. K. Spurzheim: Untersuchungen ueber die Anatomie der Nervensystems ueberhaupt, und des Gehirns insbesondere. Ein dem französischen Institut überreichtes Mémoire. Nebst dem Berichte der H. H. Commissaire des Institutes und den Bemerkungen der Verfasser über diesen Bericht (1809). Mat enger Aleedung erausgi vum S. Oehler-Klein. Hildesheim, Zürich, New York 2001(= Historia scientiarum).
  • Der Sinn des Tiegers Zur Rezeption der Hirn- und Schädellehre Franz Joseph Galls im Werk Georg Büchners. In: Georg Büchner Jahrbuch 5 (1985), S. 18-51.
  • Die Schädellehre Franz Joseph Galls in Literatur und Kritik des 19. Jahrhunderts. Stuttgart, New York 1990 (= Soemmerring-Forschungen, Bd. 8).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]