Franz Kafka
De Franz Kafka, gebuer den 3. Juli 1883 zu Prag, a gestuerwen den 3. Juni 1924 zu Kierling bäi Wien, war een tschechesch-éisträichesche Schrëftsteller.
De Franz Kafka konnt sech säi ganzt Liewe laang net vum Drock vu sengem vun him gefaarte Papp, engem jiddesche Geschäftsmann, léisen. Dëst obwuel hien a sengem - ni fortgeschéckte - "Brief an den Vater" schonn 1919 versicht huet dëse Problem ze léisen.
No engem Studium vum Droit gouf huet hie bäi enger Versécherung geschafft. No e puer Kuropenthalter wéint Tuberkulos, déi awer näischt bruecht hunn, gouf de Franz Kafka 1922 fréizäiteg pensionéiert.
Obwuel de Franz Kafka a sengem Testament festgeluecht hat, datt all seng nach net verëffentlecht Wierker verbrannt sollte ginn, huet säi laangjärege Frënd, de Max Brod, se trotzdeem publizéiert. Et sinn dëst ënner aneren:
- "Der Prozeß"
- "Das Schloß"
- "Amerika"
- "Beim Bau der chinesischen Mauer"
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Franz Kafka – Biller, Videoen oder Audiodateien |
