Franz Richard Unterberger

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Franz Richard Unterberger
Gebuer 15. August 1838
Innsbruck
Gestuerwen 25. Mee 1902
Neuilly-sur-Seine
Nationalitéit Keesertum Éisträich
Aktivitéit Moler, Landschaftsmoler

De Franz Richard Unterberger, gebuer de 15. August 1838 zu Innsbruck, der Haaptstad vum éisträichesche Bundesland Tiroul, a gestuerwen de 25. Mee 1902 zu Neuilly-sur-Seine, war en éisträichesche Landschaftsmoler.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Franz Richard Unterberger war deen eelste Jong vun enger Famill, déi am Konschthandel geschafft huet. Obwuel hien de Betrib sollt iwwerhuelen, wollt hie léiwer molen. Dowéinst ass en op München gaangen, fir beim Albert Zimmermann a beim Julius Lange Privatcoursen ze huelen.
Hien ass vill gereest an dertëscht ass en tëscht München a senger Gebuertsstad Innsbruck hin an hier gependelt. Vun 1854 bis 1857 huet e sech zu Mailand néiergelooss. An enger Ausstellung am Wiener Kunstverein war hie fir d'éischt 1858 mat dobäi. Dat selwecht Joer huet e sech an der Akademie zu Mailand ageschriwwen an e gouf Member am Münchner Kunstverein. 1859 war e schonn erëm zu Innsbruck.

Duerch seng Kontakter mat der Landschaftsschoul vun Düsseldorf, a besonnesch mam Oswald Achenbach koum en op de Gout fir landschaftsmolerei. Duerno huet en nach Reesen an Norwegen gemaach.

Nodeem sech an der Mëtt vum 19. Joerhonnert de WEltkonschtmaart zu Bréissel etabléiert hat, ass den Unterberger dohi geplënnert, an en huet do bis zu sengem Doud gelieft.
D'Summerméint huet en zu Neapel verbruecht.

Op der Weltausstellung zu Philadelphia krut hien 1876 eng Goldmedail.

1902 ass den Unterberger, dee säi Liewe laang Jonggesell blouf, a senger Wunneng zu Neuilly-sur-Seine gestuerwen.